Naturschutzgebitt Kelsbaach

Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg

Kelsbaach ass nieft enger Baach och en Naturschutzgebitt an de Gemenge Gréiwemaacher, Fluessweiler a Wuermer. Iwwer dem Hank vun de Wéngerten op der Musel tëscht Gréiwemaacher a Meechtem erstreckt sech e variéiert Gebitt mat kallekhaltegen, nierstoffaarmen Dréchewisen, wouvun zirka 75 ha zanter dem 3. August 1998 ënner Naturschutz stinn.[1]

Naturschutzgebitt Kelsbaach
Land Lëtzebuerg
Plaz Uewerdonven
Meechtem
Gréiwemaacher
Fläch 75,45 ha
Nationalcode PS 09
Koordinaten 49° 39’ 56.5’’ N
      06° 25’ 10.2’’ O
Status Naturschutzzon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 3. August 1998

Geologie, Topographie a Geschichtleches änneren

E groussen Deel vun der lëtzebuergescher Muselgéigend ass geologesch gesi charakteriséiert duerch de Muschelkallek. Op der Trochiteschicht, déi déi markant Fielswand iwwer de Wéngertsterrassë laanscht d'Musel bilt, setzt déi méi jonk Ceratiteschicht op. Si ass vun engem Kallekbichebësch bedeckt, deen d'Hëtzt gär huet a just nach op onzougängleche Plazen a senger typescher Form erhale bliwwen ass. Uewen um flaache Plateau an deelweis op den Häng vum ieweschte Laf vun der Kelsbaach, déi bei staarke Reeperiode sech an engem Waasserfall an déi fiichtkill an däischter Kelsbaachschlucht stierzt an am Héichsummer ganz dréche fält, leien nierstoffaarm a kallekhalteg Dréchewisen. Wéinst dësen aarteräichen Dréchewisen ass Gebitt mam groussherzoglechem Reglement vum 3. August 1998 mat 75,45 ha zum Naturschutzgebitt ausgewise ginn.

De Kallekstee vun der Ceratiteschicht, deen aus Schuele vu Mieresdéiere besteet, huet sech am Laf vun der Zäit duerch déi natierlech cheemesch Ëmwandlung zu Dolomit transforméiert. Dësen Dolomit gouf bis wäit an 20. Joerhonnert a Steebréch a Minière wéinst sengem grousse Gebrauch (Bausteng, Düngemëttel, Speis an Zement) ofgebaut a mat enger Bremsbunn an duerno enger Seelbunn zu dem Muselufer transportéiert. Nach haut ass an direkter Noperschaft zu der Kelsbaachschlucht den Agank zu enger labyrinthaarteger Galerie ze gesinn.

De besonnesche geologeschen Opbau vum Gestengs huet an der Vergaangenheet heefeg Äerdrutsche verursaacht. Dobäi kommen déi haart Kallek- an Dolomitfielse vum Ieweschtem Muschelkallek op déi als Glëtschschicht wierkend, waasseronduerchlässeg a mergeleg Schichte vum Mëttlere Muschelkallek gär un d'Rutschen. Sou en Äerdrutsch huet a prehistorescher Zäit zum Entstoe vun der Longkaul, engem breeden Abroch um Plateau iwwer de Wäibierger, gefouert. Am Dezember 1964 huet den Hank tëscht der Kelsbaach an der Deisermillen op enger Breet vun 250 m ugefaangen ze rutschen. Eng Millioun Kubikmeter Buedem a Gestengs sinn un d'Rutsche komm an hunn d'Deisermillen zum Astierze bruecht. Op där Plaz stoung e ganze System vu Millen, deen Waasserkraaft bis op déi lescht Drëps ausgenotzt huet. Aus aacht Quelle si véier Millen ugedriwwe ginn. Am ieweschten Deel ass d'Millerad vun der d'Kallek- an Uelegmillen a Beweegung gesat ginn. Vun do aus huet d'Waasser d'Loumillen, wou Gierwstoff fir Lieder hiergestallt ginn ass, a schliisslech d'Karmillen op der Muselstrooss ugedriwwen.

Ekologie änneren

D'Reserv vun der Kelsbaach zeechent sech duerch hir Villsäitegkeet als en aarteräiche Liewensraum aus. Op de sonnegen, waarmen an dréchne kallekhaletegen Dolomitfielse fillt d'Feieromes (Podarcis muralis) sech an hirem Element. Si, déi et gär waarm huet an e geschéckerleche Kloterer ass, huscht d'Wänn heiansdo souguer kappiwwer erop an erof. Vu Planzen, déi sech un d'Hëtzt an d'Dréchenheet ugepasst hunn, weise sech d'Moukekraut (Sedum album) an d'Mëlzfar (Ceterach officinarum) als echt Iwwerliewenskënschtler. Änlech Konditioune weisen d'Dréchemauere vun de Wäibiergterrassen op. D'Steng, déi hei ouni Speis openeeleien, si vum Mënsch geschaf Liewensraim. Si bidden an de kille Splécken a Fouen ënner anerem der Feieromes Schutz a schütze virun Erosioun.

Ass den urspréngleche Kallekbichebësch iwwer der Fielswand duerch mënschlechen Agrëff an d'Natur gréisstendeels an e Bësch mat Hieselter (Corylus avellana) a Maasselter (Acer campestre), deen och vun der Hëtzt profitéiert, ëmgewandelt ginn, sou sinn d'Konditiounen an der Baachschlucht vun der Kelsbaach dach ganz anescht. An där killer, fiichter a mat Moos bewuessener Schlucht, wou d'Waassermärel (Cinclus cinclus) an de Wanterpanewippchen (Motacilla cinerea) gär no Klengdéiere sichen, wuessen op den humusräichen Häng virun allem den Aaschtert (Acer pseudoplatanus) d'Routholz (Ulmus glabra) an d'Lann (Tilia platyphyllos).

Besonnesch interessant um Héichplateau sinn déi bléieräich an nierstoffaarm Dréchewisen, op deenen eng Patie schützenswäert Orchideeë wuessen, wéi d'Käerzeblumm (Orchis militaris), de Bocksbaart (Himantoglossum hircinum) oder de Gehaangene Männchen (Aceras anthropophorum), där hiren Nektar vill Päiperleken unzitt.

Naturléierpad änneren

Am Joer 2002 huet d'Forstverwaltung an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Gréiwemaacher en interaktive 4 km laange Wäin & Natur Erliefnespad ageriicht. Fofzéng verschidde Statioune féieren de Wäin- an Naturfrënd duerch déi ofwiesslungsräich Reserv a bréngen him déi 2000jäereg Wäibaugeschicht zu Gréiwemaacher, d'Spuere vun de fréiere Millen a Minièren an natierlech d'Villfalt vun der Natur méi no. De Circuit kann zu Gréiwemaacher beim Kierfecht, zu Meechtem bei der Kierch an op der Deisermillen ugefaangen an op zwou Plazen ofgekierzt ginn.

Referenzen änneren

  • Broschür: Naturschutzgebiet Kelsbaach - Wein & Natur Erlebnispfad. Ëmweltministère - Forstverwaltung, 2002.
  1. Règlement grand-ducal du 3 août 1998 déclarant zone protégée des fonds sis sur le territoire des communes de Bettembourg et de Roeser au lieu-dit Um Bierg. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.