Jacques Schmitz

lëtzebuergesche Politiker

De Jacques Schmitz, gebuer 1850 a gestuerwen den 30. November 1922 zu Garnech, war e lëtzebuergesche Politiker[1].

Jacques Schmitz
Gebuer 1850
Gestuerwen 30. November 1922
Garnech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De 26. Dezember 1878 krut de Jacques Schmitz seng Nominatioun als Buergermeeschter vun der Gemeng Garnech[2] an hien huet déi Plaz bis zu sengem Doud behal. Hie war och eng zäitlaang Deputéierte vum Kanton Capellen.

Am Summer 1918 gouf hien, als Deputéierte vum Canton Capellen, bei de Wale fir d'Assemblée constituante an d'Chamber gewielt.

Gielchen änneren

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce vum Jacques Schmitz am Luxemburger Wort vum 2. Dezember 1922
  2. Memorial N°81 vun 1878 mat dem Arrêté vun der Nominatioun vun enger Rei vu Buergermeeschteren