De Réibierg (oder Rébierg, kuckt och d'Diskussiounssäit) ass eng bekannt Kopp zu Lëtzebuerg am Kanton Capellen an an der Gemeng Garnech.

Coureure vum Grand Prix Elsy-Jacobs fueren iwwer de Réibierg.

Mat 398 Meter gehéiert en zu den héchste Plazen am Weste vum Guttland. Wéinst dem verzénkte kegelfërmegen Daach, vun engem vun de Waasserbasenge vum Syndicat des eaux du Sud, déi do stinn, an dee kilometerwäit ze gesinn ass, gehéiert en zu de bekanntste Landmaarken am Lëtzebuerger Land. D'Waasserleitungen déi vun do fortginn transportéieren d'Waasser fir e groussen Deel vun de Südgemengen.

Op de Réibierg kënnt een iwwer den CR106, entweeder vu Koler oder vun Héiweng aus, an iwwer e Feldwee vu Garnech aus.

An enger Zoch um Südosthank entspréngt eng vun de Quellbaache vun der Mamer, an um Nordhank huet d'Eiselbaach hir Quell.