Meneschbaach

lëtzebuergesch Baach

D'Meneschbaach ass eng kleng Baach an de Gemenge Garnech a Mamer. Si entsteet aus dem Zesummefloss, op enger Héicht vun 325 Meter (ACT Lëtzebuerg) vun dräi Griew, wouvun der zwéin hir Quell beim Eiselbierg an den aneren am Kugelgrond um Flouer vu Garnech hunn. No ongeféier 600 m leeft dann nach eng Bächelchen, déi vum Flouer Gestäids kënnt dran.

Vun do un leeft se weider no Nordosten, fir d'éischt ënner der Dräikantonstrooss, an da gläich duerno ënner der Areler Autobunn erduercht.

Nodeem se och nach d'Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Klengbetten passéiert huet, dréint se ganz no Osten a Richtung Cap.

Am Heierzweier leeft dann nach e Gruef dran dee vu Steerausch kënnt, a 800 Meter duerno net wäit vun der Caper Gare ewech leeft se ënner dem CR103 erduercht.

Gläich drop leeft se dann um Terrain vun der aler Kasär an d'Faulbaach fir mat där weider an d'Mamer ze lafen.