Nicolas Braunshausen
lëtzebuergesche Politiker a Psycholog
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Nicolas Braunshausen, gebuer de 16. Oktober 1874 zu Garnech, a gestuerwen den 11. Dezember 1956 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Professer fir Psychologie a Politiker.
Nicolas Braunshausen | |
---|---|
Gebuer |
16. Oktober 1874 Garnech |
Gestuerwen |
11. Dezember 1956 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Universitéitsprofesser, Psycholog |
Partei | Radikal-Liberal Partei |
Hien huet um Cours supérieurs an der Stad an op den Universitéite vu Léck a Bréissel Psychologie enseignéiert. Fuerschungsthema war ë. a. Sproocherzéiung a Méisproochegkeet.
Vum 27. Dezember 1936 bis de 5. November 1937 war hien, als Member vun der Radikal-Liberaler Partei, Minister fir den Interieur, Handel an Industrie an der Regierung Bech.
Hie war vun 1917 bis 1936 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg an dovu vun 1924 bis 1934 als Schäffen.[1]
Wierker
änneren(Auswiel)
- Die experimentelle Gedächtnisforschung (1914)
- La Question linguistique dans le Grand-Duché de Luxembourg (1935)
- L'étude expérimentale du caractère. Méthode et résultats. Liège (1937)
- Le Bilinguisme et les méthodes d'enseignement des langues étrangères Liège (o.D.)
Gielercher
änneren- Grand-Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1954)[2]
- Grand-Officier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau (Promotioun 1937)[3]
- Commandeur vum Ordre de Léopold[4]
- Commandeur vum Ordre de Léopold II[4]
- Commandeur vun der Légion d'honneur[4]
An der Stad Lëtzebuerg (Hollerech) an zu Garnech goufe Stroossen no him genannt.[5]
Bibliographie
änneren- Frank Wilhelm 2003: Nicolas BRAUNSHAUSEN 1874-1956. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 319-321. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
Referenzen
änneren- ↑ Persée, Revues, L'année psychologique, Année 1957
- ↑ Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1954 Memorial A N° 9 vun 1954 Archivéiert de(n) 01.10.2015. Gekuckt de(n) 06.01.2013.
- ↑ Communiqué du Grand Maréchal de la Cour vum 9. November 1937, publizéiert am Luxemburger Wort vum 10. November 1937
- ↑ 4,0 4,1 4,2 Doudesannonce vum Nicolas Braunshausen am Luxemburger Wort vum 12. Dezember 1956 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 25. Juli 2022
- ↑ L-1257, L-8350.