Klengbéiweng och Kleng Béiweng ass e Lieu-dit zu Héiweng an der Gemeng Garnech.

Klengbéiweng
An anere Sproochen fr: Petit-Bevange
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Garnech
Buergermeeschter Sonia Fischer-Fantini
Koordinaten 49° 36’ 15’’ N
      05° 55’ 34’’ O

Geographie änneren

E läit am Weste vun Héiweng an ass op neien topographesche Kaarten net méi opgefouert. E Stroosseschëld gëtt et och net. Op der Ferrariskaart ass en agezeechent mat engem eenzege Bauerenhaff, deen haut och nach do steet, et koumen awer an der Tëschenzäit dräi Häff an e puer Haiser dobäi. E läit tëscht den zwou Kräizungen déi den CR101 an den CR106 um Plateau vun Héiweng bilden.

Am Weste läit d'Märchen e klengen Héichmuer am Naturschutzgebitt Boufferdanger Muer.

Zu Héiweng erënnert den Numm vun enger Bushalt un d'Plaz wou déi fréier Uertschaft war.

Geschichleches änneren

Aus der Ferrariskaart geet ervir datt d'Keeserin Maria Theresia e Landbesëtz vu ronn 3 ha am Weste vun der Uertschaft hat.

Kuckt och änneren