Gast Rollinger

lëtzebuergesche Filmregisseur an Auteur
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Gaston ("Gast") Rollinger, gebuer de 26. Juni 1946 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 25. Oktober 2024[1][2], war e lëtzebuergesche Lycéesprofesser, Filmregisseur a Schrëftsteller.

Gast Rollinger
Gebuer 26. Juni 1946
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 25. Oktober 2024
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur, Lycéesprofesser, Schrëftsteller

Liewen a Karriär

änneren

De Gast Rollinger war Professer fir Englesch an Däitsch am Escher Jongelycée.

Vun 1982 bis 1994 war hie Kameramann a Regisseur bei RTL.

Hien huet säi Liewe laang an der Hiel (Quartier Grenz) zu Esch gewunnt. Seng Gedichter a Kuerzfilmer hunn dann och dacks dëse Mikrokosmos, tëscht de Minettsgrouwen, dem Ellergronn an der fréierer Brasseurs-/Terre-Rouge-Schmelz, seng Natur a seng Mënschen, als Sujet.[3]

Säi Liewensmotto war en Zweezeiler aus dem Gedicht Melancholie vum Gottfried Benn: "Du musst alles aus deiner Gegend mitnehmen, denn auch von Reisen kommst du leer zurück".[4]

Seng Filmer

änneren

Tëlee-Filmer

änneren

Kuerzfilmer (Auswiel)

änneren

Seng bis ewell net-publizéiert Filmer - iwwer dausend Filmspullen a Kassetten - huet hien dem CNA iwwerdroen.[4]

Gedichter

änneren

De Gast Rollinger huet och Gedichter geschriwwen. 23 dovu goufe vum Fränz Hausemer vertount an 2024 um Album Däischter Deeg publizéiert.[3]

Gielercher

änneren

Literatur

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 29. Oktober 2024, S. 29
  2. RIP, Gast Rollinger ass am Alter vun 78 Joer gestuerwen. rtl.lu (27.10.2024). Gekuckt de(n) 27.10.24.
  3. 3,0 3,1 Däitschter Deeg op literaturarchiv.lu.
  4. 4,0 4,1 Marc Thill (2024) an der Literatur.