D'Kierch vu Conter ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Iewescht Syr Saint-Esprit, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Conter gehéiert.

Kierch vu Conter

Uertschaft / Plaz Conter
Par Par Iewescht Syr
Saint-Esprit
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Helleg Bäerbel
Konsekratioun 05.07.1879
Architekt(en) Th. Eberhard
Baujoer 1782 - 1788
Koordinaten 49° 35’ 06.2’’ N
      06° 13’ 40.3’’ O
Kierchen - Kapellen

Patréinesch vun der Kierch ass d'Helleg Bäerbel, där hiert Fest de 4. Dezember gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Mutferter Strooss, dem CR234, op der Kräizung mat der Place de la Mairie. Hanner der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht änneren

D'Parkierch vu Conter ass zanter 1128 dokumentéiert. 1782 ass de Blëtz dran ageschloen a s'ass verbrannt. Déi haiteg Kierch gouf zum gréissten Deel an de Jore 1782-1788 gebaut. Am Joer 1843 ass se vum Architekt Théodore Eberhard vergréissert ginn. Aner Verännerunge koumen no; 1955 gouf e Virbau un d'Entréesportal gebaut.

Uergel änneren

Déi nei Uergel gouf den 20. Juni 2004 ageweit; et ass eng vun der Uergelmanufaktur Weimbs vun Hellenthal aus der Äifel. Se huet 15 Regësteren an 2 Manualer. D'Intonatioun staamt vum Friedbert Weimbs.

Kräizwee änneren

De Kräizwee ass aus dem Joer 1969 a gouf vum Sculpteur Emile Hulten geschnëtzt.

Grafsteng änneren

Am Chouer op der lénkser Säit sti véier Grafsteng vun den Adelsfamille von Metternich, Metzenhausen a Feltz aus dem 16. Joerhonnert.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Conter – Biller, Videoen oder Audiodateien