Gallo-réimesch Villa zu Conter

D'gallo-réimesch Villa zu Conter sinn d'Iwwerreschter vun enger Villa rustica aus der Réimerzäit, déi op der Plaz vum haitegen Duerfkär vu Conter stoung.

Gallo-réimesch Villa zu Conter
Land Lëtzebuerg
Plaz Conter
Statut Archeologesch Reschter

Beschreiwung änneren

Et handelt sech mat grousser Warscheinlechkeet ëm eng grouss Axialhaffvilla. Si louch, respektiv läit ënner dem historesche Kär vun der Uertschaft Conter.[1]

Deeler dovu konnten no archeologesche Sondagen, am November/Dezember 2016, an dono bei Ausgruewungen, tëscht November 2017 a Mäerz 2018, vum Centre national de recherche archéologique um Flouer An de Steng , An de Päschen a Pescher am Südweste vu Conter an An de Leessen am Duerfkär, fräigeluecht ginn.

Bei der Struktur, déi um Flouer Pescher entdeckt gouf, handelt et sech warscheinlech ëm Deeler vum Haaptgebai, dat ë. a. Wandmolereien hat.

Wéi dacks bei sou Häff goufen d'Gebaier an der Zäit ëmgebaut, anescht benotzt oder Deeler dovu méi spéit anzwousch anescht verbaut. Sou goufe schonn am 19. Joerhonnert am Beräich vun der haiteger Kierch a vum Kierfecht Reschter fonnt, déi drop hindeiten, datt d'Haaptgebai aus dem 2. Joerhonnert opgi gouf an zum Deel do nei opgebaut gouf. Bei den Ausgruewunge goufen och Alldagsgéigestänn, Mënzen a Bijoue fonnt.

Literatur änneren

  • Franziska Dövener: "Die gallo-römische Villa unter Contern – Ergebnisse der ersten Ausgrabungskampagne." In: Archaeologia luxemburgensis N°5 - 2019, S.110-143.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Franziska Dövener, 2019, an der Literatur.