Brichermillen (Mutfert)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lieu-dit an der Gemeng Conter. Fir dee mat engem änlechen Numm an der Gemeng Helperknapp, kuckt wgl. Bricher Millen.

D'Brichermillen ass eng fréier Millen a Lieu-dit an der Gemeng Conter. Se läit un der Sir, op enger Héicht vun 264 Meter op der Grenz vun de Gemenge Conter, Weiler zum Tuer an Duelem. Dolaanscht féiert den CR132 vu Siren op Mutfert.

Brichermillen
D'Brichermillen, Mäerz 2013
An anere Sproochen de: Brüchermühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Conter
Buergermeeschter Marion Zovilé-Braquet (CSV)
Koordinaten 49° 34’ 13.2’’ N
      06° 13’ 53’’ O

E puer Honnert Meter nordëstlech vun der Mille läit de Bricherhaff. Béid Gebaier gehéieren dem selwechte Proprietär.

Geschicht änneren

D'Mille gëtt fir d'éischt 1689 schrëftlech ernimmt, et gëtt awer ugeholl datt op där Plaz scho laang virdrun eng Mille stoung. D'Millen huet e puermol de Besëtzer gewiesselt an ass sou och ëmgebaut a vergréissert ginn. Zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert gehéiert se der Famill Hemmen.

Bis 1913 gouf d'Energie mat Waasserkraaft gewonnen, duerno gouf mat Elektresch geschafft. Bei enger Explosioun gouf d'Gebai 1944 schwéier beschiedegt an ass duerno an der haiteger Form nei opgebaut ginn. Mam Millebetrib gouf 1975 opgehalen, zanterhier sinn do Wunnengen ageriicht.

Den Numm Bricher kënnt vum däitsche Wuert Bruch oder och Bruchwald, wat ee suppege Bësch ass.

Wanderweeër änneren

Iwwer d'Brichermille féiert de Circuit auto-pédestre Nummer 1, den interkommunale Wanderwee Conter / Weiler zum Tuer an den Natur-Kulturpad Conter-Siren.

Quell änneren

  • De Panneau bei der Millen

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Brichermillen (Mutfert) – Biller, Videoen oder Audiodateien