Belval
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Site Belval tëscht Esch a Bieles. Fir aner Uertschafte mat deem Numm, kuckt wgl. Belval (Homonymie). |
Déi fréier Frichë vu Belval sinn 122,7 ha grouss a leien um Terrain vun de Gemengen Esch-Uelzecht a Suessem, laanscht d'franséisch Grenz, op de Flouere Belval a Laangwiss.
Do war knapps ee Joerhonnert laang d'integréiert Schmelz/Stol- a Walzwierk vun Arbed-Esch-Belval, déi 1909-1913 als Adolf-Emil-Hütte gegrënnt gouf. D'ArcelorMittal (d'Nofollger-Gesellschaft) bedreift haut nach en Elektrostoluewen an e Walzwierk um ëstlechen Deel vun deem Terrain. Deen Terrain deen am Weste louch, war, nodeem do 1996 de leschten Héichuewen ausgemaach gouf, eng Industriebrooch.
De 4. Abrëll 1996 hunn d'Lëtzebuerger Regierung an d'Arbed decidéiert, eng gemeinsam Struktur ze schafen, de Groupement d'intérêt économique pour l'étude de la reconversion des sites sidérurgiques (GIE-ERSID), fir der Arbed hire Frichen (am Ganze ronn 650 ha.) nei Funktiounen ze ginn. De GIE-ERSID huet 4 Sitten als prioritär definéiert: Belval, Éilereng, Lentille Terre Rouge a Rodange.
Dorop gouf 1999 den Architektebüro Dewey & Muller beoptraagt, e Masterplang fir Belval auszeschaffen. Den 1. August 2001 gouf duerch e Gesetz Agora gegrënnt, wou de Staat an d'Arbed dra waren. Agora huet 2001 en internationalen Urbanisteconcours ausgeruff, dee vum Jo Coenen & Co gewonne gouf.
Fënnef nei Quartieren
änneren- d'Terrass vun den Héichiewen,
- d'Square Mile,
- de Park Belval
- Belval Nord, e Wunnquartier
- Belval Süd
Et sollen 1,3 Millioune m² gebaut ginn, op enger Fläch vun 69.000 m² Terrainen, déi bebaut géife ginn. 7.000 Leit kéinten do wunnen an der 25.000 do schaffen. Geplangt si Wunnengen, Geschäfter, Erzéiungs- a Fuerschungsariichtungen, an och Sport-, Fräizäit- a Kulturariichtungen.
Ëm d'Infrastrukturen, déi vum Staat opgeriicht ginn, bekëmmert sech en ëffentlecht Etablissement, dat duerch e Gesetz vum 25. Juli 2002 gegrënnt gouf. Et ass den Établissement public pour la réalisation des équipements de l'État sur le site de Belval-Ouest, Fonds Belval genannt, mat Sëtz zu Esch-Uelzecht.[1]
Am Juli 2021, 17 Joer nom éischte Spuetstéch, hale sech am Laf vum Dag theoreetesch bis zu 19.300 Leit um Belval op: 3.600 Leit wunnen do (2014: 1.400; 2019: 3.000), 10.000 Leit schaffen do (2014: 4.000; 2019: 8.500) an iwwer 200 Entreprisen, Servicer oder Geschäfter (2014: 150), a 5.700 sinn op der Uni ageschriwwen oder ginn an de Lycée Bel-Val.[2]
1.700 Wunnege goufe bis Enn 2020 dohi gebaut, dovun 1.124 Appartementer, 668 Studentewunnegen an 120 Zëmmeren an engem Altersheem. Eng weider 1.000 Wunnenge sinn am Gaang, geplangt oder gebaut ze ginn, wouvunner der 337 bis Enn 2022 fäerdeg solle sinn.[3] 213.000 m² sti fir Bureauen zur Verfügung, a bis 2027 sollen nach eng Kéier ronn 200.000 m² derbeikommen.[4]
Héichuewenterrass
ännerenD'Héichuewenterrass (Terrasse des Hauts-Fourneaux) huet 27,6 ha. Do stinn, als Reschter vun der fréierer industrieller Aktivitéit op där Plaz, déi iwwer 80 Meter héich Héichiewen A a B, d'Gebléishal an d'Mëllerei, westlech vun den Héichiewen. Si goufe sou an d'Rei gesat, datt ee ronderëm, resp. drënnererduech trëppele kann. Zu bestëmmten Zäite kann een och bis an d'Hallschecht op den Héichuewen A eropklammen. An engem Gebai niewendrun, Massenoire genannt, ass zënter 2012 eng permanent Ausstellung iwwer d'Geschicht vum Site a vun der Stolindustrie zu Lëtzebuerg am Allgemengen.
Den 2002 gegrënnte Fonds Belval huet als Aufgab, bannent 15 Joer d'Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation vun der Uni Lëtzebuerg do z'installéieren. Dës besteet aus enger Rëtsch Gebaier, an deenen d'Faculté des sciences, de la technologie et de la communication an d'Faculté des Lettres, des Sciences Humaines, des Arts et des Sciences de l'Education ënnerbruecht sinn, mat hirem markanten Zentralgebai, der Maison du savoir. 2016 koum d'Droits-Fakultéit no. Dozou gehéieren och de CRP Gabriel-Lippmann, de CRP Henri-Tudor, de CRP-Santé an de Centre virtuel de la connaissance sur l'Europe.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation.
D'Rockhal war dat éischt neit Gebai, dat 2005 seng Dieren opgemaach huet. 2007 koum d'Verwaltungsgebai vun der RBC Dexia (haut RBC Investor Services) derbäi, wou eng 1.400 Leit schaffen, bei dat 2009 eng Extensioun derbäikoum, mat Plaz fir 400 Aarbechtsplazen.
Weider steet op der Héichuewenterrass de Belval Plaza 1 an 2, zwéi Komplexer vu Gebaier mat ë. a. dem Kinepolis Belval, engem Multiplex-Kino mat siwe Säll, engem Akafszentrum, an uewenop Wunnengen. De Belval Plaza 1 huet am November-Dezember 2008 seng Dieren opgemaach, den 2. Komplex gouf am Laf vun 2011 fäerdeg gestallt. D'Gare Belval-Université, där hiert neit Gebai och am September 2010 a Betrib geholl gouf, läit südlech dovun an ass mat enger Passerell dermat verbonnen.
E weidere privat bedriwwene Projet ass e Gebai, "Feierstëppeler" genannt, hallef Hotel an hallef fir Wunnengen oder Büroen, dat am Mee 2011 fäerdeg gouf, a wou 2016 en Ubau bäikoum. En ëffentlecht Verwaltungsgebai, wou ë. a. d'nationaalt Waasserwirtschaftsamt, d'Ëmweltverwaltung an d'national Dateschutzkommissioun dran ënnerbruecht sinn, gouf am Dezember 2012 a Betrib geholl. En Inkubator fir Start-up-Entreprisë konnt schonn am Juli 2012 ageweit ginn[5]. 2019-2021 gouf den Omnia Tower gebaut, deen an der Achs vun der Porte de France, op den Eck mat der Avenue du Rock'n'roll nieft de Belval Plaza. Et ass e 55 m héijen Tuerm, an deem, op 14 Stäck an enger Fläch vun 9.700 m², 106 Appartementer a Studioe gebaut ginn. Architekt ass de Bureau Moreno.[6],[7] Dëse kënnt an d'Plaz vun engem Tuerm a Form vun engem "L" op der Kopp, deen zesumme mam Belval Plaza hätt solle gebaut ginn, mee net realiséiert gouf. Als leschte privat bedriwwene Bau op der Héichuewenterrass gouf 2021-2023, tëscht der Porte de France an der Place de l'Académie, respektiv tëscht d'Gebaier vun RBC Investor Services a BelvalPlaza 2, d'Gebai Icône opgeriicht, dat vum Architektebureau Foster + Partners, zesumme mat Beiler François Fritsch Architectes fir de Bedreiwer Besix Real Estate Development entworf gouf, an an deem eng 18.800 m² fir Bureauen disponibel sinn.[8],[9]
Am Mäerz 2022 gouf mam Bau vun engem neie Gebai fir d'Lëtzebuerger Nationalarchiven ugefaangen.[10], Et soll 2025 fäerdeg sinn.[11] Weider bestinn zanter Jore Pläng vun engem Centre national de la culture industrielle, nieft den Héichiewen, dee bis ewell net realiséiert gouf.
Wat de Stroossebau betrëfft, sou ass dee wichtegsten Deel déi sougenannt Liaison Micheville, déi vun Norden no Süden duerch en Tunnel, tëscht der Square Mile an der Héichuewenterrass, ënnert der Avenue Porte de France erduerch geet, a sou engersäits e besseren Zougang zum Site erméiglecht, mä och den Duerchgangsverkéier fir op d'Autobunn A4 aus Esch an Däitsch-Oth a Villerupt eraushale soll. Si goung am Dezember 2016 op. Den direkten Uschloss un d'A4 ass, nodeems en e puermol verréckelt gouf, fir Mëtt 2023 gemaach ginn. Eng weider Ënnerféierung ënnert der Eisebunn erduerch mécht en Uschloss no Süden un den CR168. Vun Norden hier ass de Belval iwwer d'N31 z'erreechen.
Fir Foussgänger a Vëlosfuerer gouf Enn 2022 eng nei Verbindung tëscht der Héichuewenterrass an dem Quartier Uecht zu Esch geschafen, déi iwwer 1,1 km iwwer de sougenannte Vëlodukt féiert.
-
D'Rockhal (2007)
-
D'Héichiewen A a B (Juli 2014)
-
Gare Belval-Université (Okt. 2010)
-
D'RBC-Investor-Services-Gebai (Feb. 2010)
-
D'Place de l'Académie (Dez. 2019)
-
Ënnert den Héichiewen, riets, de Luxembourg Learning Center
-
Ënnert den Héichiewen, an Direktioun Gare.
Square Mile
ännerenSquare Mile ass den Numm vun enger Fläch vun 20 ha, westlech vun der Héichuewenterrass. Do solle virun allem Büroen hikommen, 20 % si fir Wunnenge geplangt, um Rez-de-chaussée si Geschäfter virgesinn. Si gëtt dominéiert vun den zwéi fréiere Zillen-Schaarschtecher vun der Aglomeréierung. Déi hunn am Fréijoer 2010 misse gekierzt ginn, well gefaart gouf, datt se bei engem Stuerm hätte kënnen an e Koup falen.[12] Opfälleg ass och de fréiere Sinter-Baseng matzen um Terrain, deen als Zeie vu fréier erhale gëtt. Ronn 4.500 Mënsche solle bis 2029 op der Square Mile wunnen, een Drëttel dovun am mëttelsen Deel dovun dem Central Square. Eng 12.000 solle bis dann op der Square Mile schaffen, wouvun och nees een Drëttel am Central Square.[13]
D'Bebauung vun der Square Mile ass zanter de fréien 2010er Joren am Gaang. D'Avenue du Swing, am Süden, war als éischt vun zwou Säite bebaut: Op der südlech geleeëner Stroossesäit goufen tëscht 2013 an 2020 dräi bal identesch Gebaier, Southlane Tower 1 bis 3 genannt, gebaut, déi jee 9 Stäck hunn. Am éischten dovun ass den Haaptlocataire d'ILNAS. An deenen aneren zwee si Büroen a Wunnengen,[14], sou wéi eng Maison médicale[15]. Op hirer nërdlecher Säit steet d'Efesto-Gebai, mat der Inspection du travail et des mines an enger Agence vun der ADEM dran, déi am Summer 2012 erageplënnert sinn. Do donieft gouf bis Enn 2014 de Sëtz mat engem medezineschen Analyszenter vun engem private Fuerschungslabo gebaut,[16] a bis dohi war och westlech dovun de Projet Square One vun 10.000 m² fäerdeg, wouvu 4.000 m² fir 175 Studentewunnenge reservéiert sinn.[17] Déisäit vum westlech Wupp vun der Avenue du Swing stinn zwéin Tierm vu 15, respektiv 13 Stäck, 50 m héich a Capelli Towers genannt, mat 100 Wunnengen dran a mat op den éischte 5 Stäck Büroen an um Rez-de-Chaussée Geschäfter, déi uganks 2020 fäerdeg goufen.[18]
Eng Strooss weider nërdlech, um Boulevard du Jazz, gouf déi südlech Säit tëscht 2015 an 2024 bebaut: um Eck mat der Porte de France, gouf 2019 e Büros- a Geschäftsgebai mam Numm Rouden Eck[19] fäerdeg. Westlech dovun ass zanter 2024 eng Annexe vum LCSB vun der Uni, an nach weider westlech steet zanter 2016 d'Résidence du Jazz, an deem Geschäftsraim, Büroen a Wunnenge sinn. D'Rei gëtt ofgeschloss mat engem néngstäckege Gebai fir d'Büroe vun enger Informatiksfirma, dat Naos heescht, an dat 2017[18] bis 2019 gebaut gouf.
Ronderëm d'Sinterbasenge gouf ufanks e grousse provisoresche Parking ugeluecht. Dee gëtt ewell bebaut, no engem Grondplang, dee Central Square genannt gëtt, an deen 2011 vu KCAP Architects&Planners (Rotterdam) ausgeschafft gi war. Am Juli 2017 goufen déi éischt Bauprojeten am südwestlechen Deel vun Tralux Immobilier/Petitdidierprioux Architectes, Soludec-Asars Development/Metaform architects an Atenor/Steinmetzdemeyerdeen virgestallt.[20] Am Summer 2020 goungen d'Aarbechten um Rescht vun der Broochfläch un, déi ursprénglech bis 2024-25 dauere sollten[21]; zanter 2023 gëtt awer dervun ausgaangen, datt d'Gebaier Stéck fir Stéck tëscht 2024 an 2029 fäerdeg solle ginn.[13] Op der nërdlecher Stroossesäit vum Boulevard du Jazz ass 2024 de Statec an en neigebautent Gebai, um Eck mam Boulevard de la Recherche, mam Numm Twist, geplënnert. Weider nërdlech laanscht d'Ostsäit vum Boulevard de la Recherche sinn d'Projeten, haaptsächlech fir Wunnengen, Manhatten a Millenium genannt, och 2024 fäerdeg ginn. Um aneren Enn vum Boulevard du Jazz, um Eck mat der Porte de France, hunn d'Aarbechten dat Joer ugefaangen.[22] Och d'Plaz ronderëm d'Basengen an d'Stroossen déi dohi féieren, goufen 2023-2025 ugeluecht.
Laanscht d'Nordsäit vum Boulevard des Lumières sinn tëscht 2016 an 2024 weider Gebaier entstanen. 2016 goufen zwee Gebaier vis-à-vis vun der Maison des sciences humaines, um Eck Porte de France a Boulevard des Lumières, fäerdeg, Uni-Val a Galileo genannt, alle béid mat Studentewunnengen, ma et gëtt do och eng Crèche, Horeca, Geschäfter an Apparthotels-Wunnengen.
-
Déi gekäppt Schaarschtecher (2012)
-
Bauplaz ronderëm d'Basengen (2022)
-
Vue op deen nach onbebauten deel vum central Square (2022)
Den ëffentleche Park gouf op enger 33 ha grousser Fläch, westlech vun der Square Mile, amenagéiert, fir déi verschidde Quartiere mateneen ze verbannen. E gouf am Hierscht 2014 ageweit. Am Juni 2012 war e 700 m2 grousse Skatepark fäerdeg, an am September 2011 huet do den neie Lycée Bel-Val säi Betrib opgeholl. Fir de Projet Kultuhaaptstad Esch 2022 huet d'Gemeng Suessem ronderëm d'Mineralwaasserquell Bel-Val zwéi Pavillonen opgebaut, déi ë. a. iwwer d'Geschicht vun der Quell informéieren.[23] Nieft dem Lycée Bel-Val ass nach e regionale Sportzentrum geplangt, mat ë. a. enger Hal mat 2.500 Plazen an zwou Schwämmen.[24]
-
De Park Belval, laanscht d'Waassertrap (2013).
-
Wanter 2015
-
Summer 2024
-
d'Pavillonen (2022)
-
Wanter 2022
-
de Skatepark (2013)
Quartiere Belval Nord a Sud
ännerenDe Quartier Belval Nord ass e Wunnquartier, deen, op 25 ha, à terme 7.000 Leit soll en Ënnerdaach bidden. E soll sech an déi Strukturen, déi et schonn zu Bieles gëtt, integréieren.
An enger éischter Phas goufen op enger 20 Hektar grousser Fläch 600 Logementer fir ronn 1.300 Awunner gebaut. Enn 2009 waren déi éischt 13 Appartementer a sechs Eefamilljenhaiser prett fir eranzeplënneren.[25] 2012 goufe 4 weider Residenze fäerdeggestallt, an d'Bauaarbechten op 8 Parzellen, wourop 230 Wunnenge gebaut ginn, an Ugrëff geholl. 2014 sollen do 400 Leit wunnen, spéiderhin der am Ganzen 2.160.[24]
Ausserdeem huet d'Gemeng Suessem duer en neie Centre intégré pour personnes âgées (CIPA) baue gelooss, dee Plaz fir 120 eeler Leit huet, wouvun der 20-40 fir Demenz-Patienten.[26] De CIPA gouf am November 2012 a Betrib geholl.[27]
Op Belval-Süd gi vun 2020/21 bis 2027 am Ganze 550 Wunnenge gebaut, dovun ongeféier 120 Eenzelhaiser. Eng 1200 Leit sollen herno do kënne wunnen.[28] 2018 hunn d'Aarbechte fir de sougenannte Kanner-Campus, 4 Schoulgebaier fir am Ganze bis zu 650 Kanner, ugefaangen. E gouf am September 2020 deelweis, an dann am Mee 2022 ganz a Betrib geholl[29]
D'Stroossen op Belval-Süd droen all Nimm vu Kënschtler.
-
Hënnescht Vue op déi éischt Gebaier an der rue Waassertrap (2013)
-
D'Avenue Michel-Majerus am Quartier Belval-Süd, nach praktesch ouni Bebauung. Enn 20230er soll do den Tram fueren... (2022)
Op franséischer Säit
ännerenDen 8. Oktober 2009 huet de franséische President Nicolas Sarkozy ugekënnegt, datt bannent sechs Méint Pläng vun enger "Éco-cité" virgestallt géife ginn, déi südlech vum Site Belval, op franséischer Säit, gebaut sollt ginn.[30] Den Inneminister Jean-Marie Halsdorf huet de 26. Januar 2010 zu Paräis mam franséische Staatssekretär Pierre Lellouche eng Konventioun ënnerschriwwen, fir déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht ze verbesseren.[31] Den 18. Abrëll 2011 goufen déi geplangten Aarbechten duerch en Décrét ministériel op d'Lëscht vun den "opérations d'intétêt national" gesat.[32] Den 8. Mäerz 2012 ass den Décret annonçant l'Établissement public d'aménagement (EPA) d'Alzette-Belval am franséische Journal Officiel publizéiert ginn.[33] Domat steet d'gesetzlech Grondlag fir d'Infrastruktur, déi d'Aarbechten ausféiere soll.
Enn 2016 hunn d'Planéierungsaarbechten op de Frichë vu Micheville ugefaangen. Et ass virgesinn, datt do op béide Säite vun der Route départementale D326 vun der Mëtt 2018 un bis zu 784 Wunnengen op der südlecher Säit, a vun 2019 un der 521 op der nërdlecher Säit gebaut ginn (dorënner der 100 fir Studenten an 52 Sozialwunnengen). Dobäi kommen administrativ Gebaier vum EPA Alzette-Belval, deen d'Aarbechte leet, an der Communauté de Communes du Pays-Haut Val d'Alzette, souwéi eng 2500m² fir Büroen.[34]
Literatur
änneren- Denis Scuto, Christophe Knebeler: Belval. Passé, présent et avenir d'un site luxembourgeois exceptionnel (1911-2011). uni.lu, Agora, 2010. ISBN 9782879641201.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Esch-Belval – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Fonds Belval
- Websäit vun Agora
- Céline Coubray: "Belval, Année 2019." Schantecher, déi 2019 am Gaang sinn oder ugefaangen hunn. paperjam.lu, 14.01.2019.
Referenzen
änneren- ↑ Gesetz vum 25. Juli 2009 Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 22.09.2009.
- ↑ Zuelen 2021: Pressecommuniqué vun Agora. rtl.lu, 26.07.2021. - Zuelen 2019: Pressecommuniqué vun Agora, 4. Juli 2019. - Zuelen 2014: "Belval: 1.400 Leit wunnen do, 4.000 Leit schaffen do, 150 Betriber." rtl.lu, 18.06.2014.
- ↑ Pressecommuniqué vun Agora, 26.07.2021.
- ↑ Pressecommuniqué vun Agora, 4. Juli 2019.
- ↑ "L'Incubateur d'entreprises: une double inauguration." in: magazine - le périodique du Fonds Belval 3/2012, S.4-11.
- ↑ Presentatioun op omnia-belval.lu.
- ↑ "La tour Omnia, future voisine de Belval Plaza." paperjam.lu, 03.03.2019, édité Le 04.03.2019.
- ↑ Pressecommuniqué vun Agora, 24. Januar 2019.
- ↑ "Nouvelle «Icône» architecturale au cœur de Belval." lessentiel.lu, 29.01.2023.
- ↑ Diana Hoffmann. "Nationalarchiv wird in Belval gebaut." wort.lu, 12.03.2020.
- ↑ "Éischte Spuedestéch fir neit Nationalarchiv ass gemaach." De Journal, rtl.lu, 22.03.2022.
- ↑ Démontage partiel des anciennes cheminées de l'agglomération. belval.lu, 24.02.2010.
- ↑ 13,0 13,1 Mike Stebens: "2024 ziehen erste Bewohner des Square Mile ein." wort.lu [w+], 26.09.2023.
- ↑ southlane.lu Archivéiert de(n) 22.12.2014. Gekuckt de(n) 15.12.2014.
- ↑ "Maisons Médicales de garde." sante.lu, gekuckt 23.09.2021.
- ↑ "Ketterthill à Belval: 2013 une nouvelle adresse pour de nouveaux développements." paperjam.lu, 5.3.2012.
- ↑ "L'Uni louera 175 chambres en plus à la rentrée 2014." lessentiel.lu, Logement étudiant28 septembre 2012 07:19; Act: 27.09.2012 20:25.
- ↑ 18,0 18,1 "Hoch hinaus in Belval." wort.lu, 30. April 2017 um 11:30.
- ↑ roudeneck.lu, gekuckt 15.12.2014.
- ↑ Céline Coubray: "Trois nouveaux projets à Belval." paperjam.lu, 19 juillet 2017 23:15.
- ↑ Nicolas Anen: "Belval: Neues Viertel steht in den Startlöchern." wort.lu, 13.06.2020.
- ↑ Christophe Lemaire: "L’impressionnant quartier qui pousse à Belval, près du nouveau siège du Statec." virgule.lu, 20.09.2024.
- ↑ "Pavillon soll an Quelle Bel-Val erinnern." wort.lu, 3. Dez. 2020.
- ↑ 24,0 24,1 "Belval: Sanem prend la main". lequotidien.lu, 23.05.2012 19:59:00
- ↑ „'Wohnen im Park'.“ wort.lu 21.09.2009 15:23, aktualiséiert 21.09.2009 16:40.
- ↑ Projet CIPA
- ↑ "Le CIPA a ouvert ses portes à Belval Nord." Actualités op belval.lu, 29.11.2012.
- ↑ "Belval Sud: en route vers 550 logements." lequotidien.lu, 09/02/18 11:12 | Publié le 09/02/18 11:12.
- ↑ "Kannercampus: Das Herzstück von Belval-Süd. wort.lu, 02.05.2022
- ↑ "Sarkozy verspricht 'Eco-cité' für Esch-Belval." wort.lu, 09.10.2009 10:38.
- ↑ "Belval: Accord tëscht Lëtzebuerg a Frankräich". rtl.lu,27.01.2010, 06:58 - Fir d'lescht aktualiséiert: 27.01.2010, 09:30.
- ↑ Décret n° 2011-414 du 18 avril 2011 inscrivant l'opération d'aménagement dite d'Alzette-Belval parmi les opérations d'intérêt national.
- ↑ "Alzette-Belval: l'établissement public enfin créé!" Le Républicain Lorrain, publié le 09/03/2012 à 05:00.
- ↑ "Après Belval, le futur est en marche à Audun-le-Tiche." lequotidien.lu, 27/09/16 15:46.