Nicolas Sarkozy

franséische Politiker

Den Nicolas Sarkozy (mam ganzen Numm Nicolas, Paul, Stéphane Sarközy de Nagy-Bocsa), gebuer den 28. Januar 1955 am 17. Arrondissement vu Paräis, ass e franséische Politiker. Hie war vun 2007 bis 2012 President vun der Republik Frankräich a Coprënz vun Andorra.

Nicolas Sarkozy
Gebuertsnumm Nicolas Paul Stéphane Sarközy de Nagy-Bocsa
Pseudonym Paul Bismuth
Gebuer 28. Januar 1955
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit vu Paräis,
Institut d'études politiques de Paris,
Lycée Chaptal,
École Jeannine Manuel
Aktivitéit Politiker, Affekot, Staatsmann, Jurist
Partei Union pour un mouvement populaire, Union des démocrates pour la République, Rassemblement pour la République, Les Républicains
Famill
Bestuet mat Carla Bruni
Papp Paul Sarkozy
Mamm Andrée Mallah
Geschwëster Guillaume Sarkozy, François Sarkozy, Olivier Sarkozy, Caroline Sarkozy
Kanner Jean Sarkozy, Giulia Sarkozy, Pierre Sarkozy, Louis Sarkozy

Politesch Karriär änneren

  Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Lokal- a Regionalpolitiker änneren

Den Nicolas Sarkozy huet seng politesch Karriär als Lokalpolitker 1977 als Gemengerot vun Neuilly-sur-Seine ugefaangen, wou hien dunn och vum 29. Abrëll 1983 bis de 7. Mee 2002 Buergermeeschter war. Vun 1986 bis 1988 war hie Vizepresident a vun 2004 bis 2007 President vum Departementsrot vun den Hauts-de-Seine. Vun 1983 bis 1988 war en am Regionalrot fir d'Île-de-France

Politiker op nationalem Plang änneren

Tëscht 1988 an 2005 war hien Deputéierten an der Nationalversammlung a vum 20. Juli bis de 14. September 1999 Europadeputéierten an e puermol Minister (Budget- a Communicatiounsminister, Inneminister, Wirtschafts-, Finanz- an Industrieminister...) ënner de Presidente François Mitterrand (Cohabitatiounsregierung Édouard Balladur) a Jacques Chirac. Hie war, éier e Staatspresident gouf, och President vun der UMP.

Bei de Presidentschaftswalen 2007 ass hien de 6. Mee mat 53,06 % vun de Stëmmen zum President vu Frankräich gewielt ginn. Seng Kontrahentin am 2. Tour, d'Ségolène Royal, krut der 46,94 %.

2012 war hie Kandidat fir erëmgewielt ze ginn, huet d'Walen awer de 6. Mee géint de Sozialist François Hollande verluer.

2014 ass hien erëm President vun der UMP ginn a konnt am Mee 2015 eng Ännerung vum Numm vun der Partei an D'Republikaner (Les Républicains) duerchsetzen.

Famill änneren

Den Nicolas Sarkozy huet ungaresch Wuerzelen op sengem Papp senger Säit a gemëscht griichesch-franséisch Originnen op der Säit vu senger Mamm (de Papp vu senger Mamm, den Dr. Mallah, war e Judd, dee vun Thessaloniki a Frankräich agewandert war).

Den Nicolas Sarkozy, dee sech zum Katholizismus bekennt, ass dräimol bestuet ginn, fir d'lescht mat der Carla Bruni, an huet véier Kanner.

Auszeechnungen änneren

Am November 2019 krut den Nicolas Sarkozy de Prix Edgar-Faure fir säi Buch Passions an deem en opriichteg, riichteraus a mat engem bestëmmte Recul säi politesche Parcours beschreift.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Georges Mandel: le moine de la politique (eng politesch Biographie); Paräis, 1994.
  • Libre; Paräis (Robert Laffont & Fixot), 2001.
  • Ensemble; Paräis (XO Éditions), 2007.
  • Un traité pour l'Europe; Paräis (Dalloz), 2008.
  • La France pour la vie; Paräis (Plon), 2016.
  • Tout pour la France; Paräis (Plon), 2016.
  • Passions; Paräis (Éditions de l'Observatoire), 2019.
  • Le temps des tempêtes; 1. Band; Paräis (Éd. de l'Observatoire), 2020; 528 Säiten.

Literatur änneren

  • Thierry Desjardins, Galipettes et cabrioles à l'Élysée; Paräis (Fayard), 2008.
  • Samir Naïr, Un détournement - Nicolas Sarkozy et la "politique de civilisation" ; Paräis (Gallimard), 2008.
  • Jean-Marie Rouart (de l'Acad. fr.), Devoir d'insolence; Paräis (Grasset), 2008.

Um Spaweck änneren

Commons: Nicolas Sarkozy – Biller, Videoen oder Audiodateien