Centre de recherche public de la santé

(Virugeleet vu(n) CRP-Santé)

De Centre de recherche public de la santé, gekierzt CRP-Santé, ass eng ëffentlech Fuerschungsariichtung déi 1988 gegrënnt gouf[1],[2] an de Statut vun engem ëffentlechen Etablissement huet. Mam Gesetz vun 2014 gouf e reorganiséiert a heescht zanterhier Luxembourg Institute of Health (gekierzt LIH)[3].

Centre de recherche public de la santé
Luxembourg Institute of Health (LIH)
E Stand vum fréiere CRP-Santé an der Groussgaass
Typ Ëffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum 31.05.1999
Sëtz 1A-B, rue Thomas Edison
L-1445 Stroosssen
Leedung Gregor Baertz (President)
Ulf Nehrbass (Generaldirekter)
Branche Fuerschung, Wëssenschaft
Homepage www.lih.lu

Den LIH ass zu Lëtzebuerg déi féierend ëffentlech Ariichtung fir grondleeënd, preklinesch a klinesch Fuerschung am Beräich vun de Biowëssenschaften.

Den Haaptsëtz vum LIH ass an der Rue Thomas-Edison zu Stroossen[4] a seng Departementer sinn a verschiddene Gebaier ronderëm an uechter d'Stad ënnerbruecht[5]. Et ass geplangt, datt e spéider op de Belval plënnere soll[6], wou en en Deel vun der Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation op der Héichuewenterrass géif.

Missiounen änneren

Dem LIH seng spezifesch Missioun ass et fir wëssenschaftlech, wirtschaftlech a gesellschaftlech Wäerter fir Lëtzebuerg ze schafen, andeems en eng orientéiert Grondlagefuerschung, eng applizéiert Fuerschung grad ewéi Studien an Entwécklungen am Beräich vun der biomedezinescher Fuerschung mécht.

Zu den Aufgabe vum LIH gehéiert och d'Uleeën, d'Exploitatioun an d'Gestioun vun enger Biobank am Respekt vun den eetheschen an internationale Sécherheetsvirschrëften an andeems d'Confidentialitéit vun de Spenderdonnéeë garantéiert gëtt. D'Biobank bitt Ressource wéi annotéiert perséinlech Prouwen, Technologieplattformen a wëssenschaftlech Expertisen, déi fir d'Entwécklung vum Wëssen iwwer d'Präventioun, d'Diagnos an d'Behandlung vu Krankheeten erfuerdert sinn.

Alles wat mat der Biobank ze dinn huet, gëtt an engem gesonnerten Institut vum LIH, dem Institut Integrated BioBank of Luxembourg realiséiert.

Aktivitéiten a Servicer änneren

Dem LIH seng Fuerschungsberäicher begräifen haaptsächlech Kriibs, Immunologische Krankheeten, neurodegenerativ Erkrankungen a Präventivmedizin.

Departementer vum LIH änneren

  • Kardiovascular Krankheeten
  • Immunologie
  • Onkologie
  • Ëffentlech Gesondheet
  • Virologie, Allergologie an Immunitéit

Organisatioun änneren

Den LIH gëtt vun engem Verwaltungsrot vun néng Membere geréiert, vun deenen der aacht wéinst hirer Kompetenz an der Fuerschung, hirer Erfarung an der Gestioun vu wëssenschaftleche Programmer a Projeten, der Opwäertung vun der Fuerschung an der industrieller Entwécklung oder wéinst hire Kenntnisser am Gesondheetsberäich ausgewielt ginn. En néngte Member gëtt vum Regierungsrot op Propositioun vum Ekonomiesminister genannt.

Verwaltungsrot
Period President
05.12.2014[7],[8]-31.12.2024 Gregor Baertz
Direktioun LIH
Period Generaldirekter
Chief Executive Officer
2008 (?)-01.10.2016 Jean-Claude Schmit
01.01.2016[9]-01.10.2017 Catherine Larue ad interim
01.10.2017[10] - haut Ulf Nehrbass

Um Spaweck änneren

Commons: Centre de recherche public de la santé – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 9 mars 1987 ayant pour objet l'organisation de la recherche et du développement technologique dans le secteur public (...). legilux.public.lu (09.03.19987). Gekuckt de(n) 17.09.2020.
  2. Règlement grand-ducal du 18 avril 1988 portant création d'un centre de recherche public auprès du Laboratoire national de santé. legilux.public.lu (18.04.1988). Gekuckt de(n) 17.09.2020.
  3. Loi du 3 décembre 2014 ayant pour objet l'organisation des centres de recherche publics. legilux.public.lu (03.12.2014). Gekuckt de(n) 17.09.2020.
  4. Cf. Règlement grand-ducal du 18 avril 1988 portant création d'un centre de recherche public auprès du Laboratoire national de santé. Mémorial A N° 19: 445-446 du 29.04.1988. + RECTIFICATIF du règlement grand-ducal du 18 avril 1988 portant création d'un centre de recherche public auprès du Laboratoire national de santé. Mémorial A n° 25: 532-534 du 31.05.1988
  5. Cf. ënner anerem: Loi du 12 juin 2004 relative à la construction d'un nouveau bâtiment dans l'intérêt du Centre de Recherche Public-Santé à Luxembourg. Mémorial A N° 98: 1598-1599 du 28.06.2004
  6. "Fusiounen: Déi 2 CRPe gi bis 2018 op Belval zesummegeluecht." RTL.lu - 19.04.2012, 15:38 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.04.2012, 17:23.
  7. Arrêté du Gouvernement en conseil du 5 décembre 2014 portant nomination des membres du conseil d'administration du Luxembourg Institute of Health (LIH). legilux.public.lu (05.12.2014). Gekuckt de(n) 18.09.2020.
  8. Arrêté du Gouvernement en conseil du 11 décembre 2019 portant nomination des membres du conseil d'administration du Luxembourg Institute of Health (LIH). legilux.public.lu (11.12.2019). Gekuckt de(n) 18.09.2020.
  9. Dr Catherine Larue appointed as interim Chief Executive Officer of LIH. www.lih.lu (18.12.2015) Gearchiveerd op 2020-12-09. Gekuckt de(n) 18.09.2020.
  10. Dr Ulf Nehrbass appointed as LIH's new CEO. www.lih.lu (27.10.2017). Gekuckt de(n) 18.09.2020.