Place de l'Académie
D'Place de l'Académie ass eng Plaz am Quartier Universitéit, op der Héichuewenterrass um Belval, an der Gemeng Esch-Uelzecht. Se läit tëscht dem Gebai vun der fréierer Mëllerei (haut: Luxembourg Learning Centre - LLC) am Osten, der Avenue du Rock'n'roll am Süden, dem Belval Plaza 2 an dem zukünftege Gebai Icône am Osten, an der Rue de la Fonte am Norden.
Längt | ca. 250 m |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Esch-Uelzecht |
Uertschaft | Esch-Uelzecht |
Quartier | Belval |
Postcode | L - 4360 |
Koordinaten |
49° 30’ 07’’ N 05° 56’ 47.6’’ O |
Se läit eng gutt 5 m méi déif wéi de Rescht vun der Héichuewenterrass, an ass dofir, ausser iwwer en Zougank duerch de Passage de l'Académie, nëmmen iwwer Trapen a Lifter z'erreechen. Si ass fir motoriséierte Verkéier gespaart.
Geschicht
ännerenD'Plaz gouf als en Deel vum Masterplang vum Belval, bei deem de westlechen Deel vun der Schmelz vum Belval urbanistesch ëmgewandelt gouf, fir d'Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation ze bauen.
Hiren Numm krut s'eréischt 2011, e puer Joer nodeems s'ugeluecht gi war.
Gebaier
ännerenBiller
änneren-
Vue no Norden
-
D'Ostsäit: hannen, d'Maison du livre
-
Vue vun der Rue de la Fonte aus no Süden
-
Duerchgank no Norden tëscht de Gebaier vun RBC Investor
-
Lift an Trapen
-
Geliits op ale Stäiler
Um Spaweck
ännerenCommons: Place de l'Académie – Biller, Videoen oder Audiodateien |