Stefania Liberakakis

griichesch-hollännesch Sängerin


D'Stefania Liberakakis (op Griichesch: Στεφανία Λυμπερακάκη), och bekannt als Stefania, gebuer de 17. Dezember 2002 zu Utrecht, ass eng griichesch-hollännesch Sängerin.[1] Si huet Griicheland beim Eurovision Song Contest 2021 zu Rotterdam an Holland mam Lidd Last Dance vertrueden.[2] Bei der Finall koum si op déi 10. Plaz mat 170 Punkten.[3]

Stefania Liberakakis
Gebuertsnumm Στεφανία Λυμπερακάκη, Stefania Liberakakis
Gebuer 17. Dezember 2002
Utrecht
Nationalitéit Holland, Griicheland
Aktivitéit Schauspiller, Sänger, YouTuber, Televisiounsproduzent

Si huet Holland zesumme mat der Band Kisses mam Lidd Kisses and Dancin' beim Junior Eurovision Song Contest 2016 zu Valletta vertrueden. Si koum op déi 8. Plaz mat 174 Punkten.[4]

Discographie änneren

 
D'Stefania beim Junior Eurovision Song Contest 2016

Singelen änneren

  • 2014: Muziek laat je dromen
  • 2014: Wereldplan
  • 2014: Nu het feestje voorbij is
  • 2015: Waarom moet ik gaan?
  • 2015: Eventjes alleen
  • 2015: Leef met elkaar
  • 2018: Stupid Reasons
  • 2018: All I Want For Christmas Is You
  • 2019: Wonder
  • 2019: I'm Sorry (Whoops!)
  • 2019: Over and Over Again (feat. Jannes)
  • 2019: Turn Around
  • 2020: Supergirl
  • 2020: Friday
  • 2021: Last Dance

Um Spaweck änneren

Commons: Stefania Liberakakis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Stefania - Greece - Rotterdam 2021. Eurovision.tv. Gekuckt de(n) 2021-05-14.
  2. 🇬🇷 Stefania reveals Eurovision song "Last Dance" for Greece. ESCXTRA.com (2021-03-10). Gekuckt de(n) 2021-05-14.
  3. Grand Final of Rotterdam 2021. Eurovision.tv. Gekuckt de(n) 2021-05-23.
  4. Stefania. EGO Company. Gekuckt de(n) 2021-05-14.