Den NGC 6939 ass en oppene Stärekoup vum Typ I1m am Stärebild Cepheus um Nordstärenhimmel. Den NGC 6939 huet eng Wénkelgréisst vun 8' x 8' an eng visuell Magnitude vu +7,80 mag.
Am Allgemenge gëtt seng Distanz op 6000 Liichtjoer geschat, awer déi publizéiert Wäerter pendelen tëscht 4000 an 9000 Liichtjoer, well de Beräich tëscht him an eisem Sonnesystem duerch interstellar Matière staark "verknascht" ass. Mat engem Alter vu ronn 1,6 Milliarde Joer ass den NGC 6939 ee vun den eelste bekannten Objete vun dëser Aart.

NGC 6939
Den oppene Stärekoup NGC 6939
Stärebild Cepheus (Cep)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 20h 31m 30,0s
Deklinatioun + 60° 39' 42"
Ausgesinn
Konzentratiounsklass I1m
Visuell Magnitude 7,8 mag mag
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Mëllechstrooss
Distanz (Lj) ≈ 6000
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum 9. September 1798
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
NGC 6939
OCl 217

Den Objet gouf den 9. September 1798, zesumme mat der nëmme véierzeg Bouminutte südëstlich geleeëner Spiralgalaxis NGC 6946 vum Wilhelm Herschel entdeckt[1],[2].

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: NGC 6939 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen änneren

  1. Sterne und Weltraum September 2007 S.70
  2. http://cseligman.com/text/atlas/ngc690.htm