Den NGC 6946 ass eng Spiralgalaxis am Stärebild Cepheus op der Grenz zum Stärebild Cygnus. Den NGC 6946 huet eng Wénkelausdeenung vun 11,5' × 9,8' an eng visuell Magnitude vu +9,0 mag. D'Galaxis läit mat enger Distanz vun nëmmen zéng Millioune Liichtjoer relativ no bei der Lokaler Grupp a féiert d'Statistik vun de Supernova-Heefegkeeten an de leschten 100 Joer mat enger Zuel vun 8 un. D'Galaxis läit no bei eisem galaktesche Plang, dofir gëtt d'Liicht, dat vum NGC 6946 bei eis kënnt, duerch Gas a Stëbs aus eiser Galaxis staark ofgedonkelt. Dat erschwéiert d'Observatioun vun där Galaxis. Et ass eng sougenannt Face-On-Galaxis.

Date vum NGC 6946
NGC 6946 aus Fotoe vum Isaac Newton Telescope zesummegesat
Stärebild Cepheus (Cep)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 20h 34m 52s
Deklinatioun +60° 09' 12"
Ausgesinn
Hubble-Typ SBc
Visuell Magnitude +9,0 m
Wénkelduerchmiesser 11,5' × 9,8'
Flächenhellegkeet 14,0 mag/arcmin2
Physikalesch Daten
Gehéiert zu der NGC 6946 Grupp
Distanz ongeféier 10 Millioune Liichtjoer
Routverrécklung +0,00016 ± 0,00001
Heliozentresch radial relativ Vitess +48 ± 2 km/s
Absolut Hellegkeet
Absolutten Duerchmiesser
Mass
Katalogbezeechnungen
NGC 6946, UGC 11597, PGC 65001, MCG +10-29-006, Arp 29, IRAS 20338+5958, h 2084, GC 4594

Entdeckung änneren

Den NGC 6946 gouf den 9. September 1798 vum däitsch-britteschen Astronom Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt.

Eng aner Foto änneren

 
Infraroutfoto vum SST

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren