De Le Paris ass e Kino am Zentrum vu Beetebuerg mat engem Sall.

Säin Numm huet hie well e vun engem Paräisser Architekt gebaut gouf. Dat war am Joer 1978. Projektioune gi vun engem Grupp vu Fräiwellege gemaach, déi Spaass um Kino hunn. Normalerweis ass vu freides bis dënschdes ëmmer owes vun 20:30 u Virstellung. Bei Jugendfilmer ass och nach samschdes a sonndes um 16:00 Auer eng Virféierung.

De Sall änneren

  • Am Sall sinn 170 Sëtzplazen
  • Den Ecran ass 12 m breet a 6 m héich
  • Projektioun am 35 mm
  • Toun: Digital mat dts
  • Videoprojektioun ass méigelch
  • Zanter September 2011 ass de Sall mat engem modernen digitale Projekter ausgerëscht.

Geréiert gëtt dat Ganzt vun deene selwechte Leit, déi och d'Projektiounen an d'Kees maachen. Dat Ganzt steet ënner dem Statut vun enger a.s.b.l.. Zousätzlech zu den Aktivitéiten am Kino organiséiert d'Ciné le Paris a.s.b.l. och nach all Joer e puer Open Air Filmvirstellungen.

De Christian Spielmann huet dem Kino e Monument gesat an engem 315 Säiten dëcke Buch, an dem all Filmer ze fanne sinn déi vum 21. Dezember 1956 bis zum 25 Dezember 1998 am Le Paris gespillt si ginn.

Zuelen änneren

  • 2008 hu sech 7.525 Leit 96 verschidde Filmer am Le Paris ugekuckt, an dat an 375 Virstellungen.

Literatur änneren

  • Christian Spielmann: Das Bettemburger Le Paris, Lëtzebuerg 1999.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren