D'International Balzan-Stëftung priméiert zanter 1961 weltwäit groussaarteg Wëssenschaftler aus de Geeschteswëssenschaften an den Naturwëssenschaften, souwéi Perséinlechkeeten am Beräich Konscht a Kultur, ë. a. de Paul Hindemith, de György Ligeti an de Jorge Luis Borges.

D'Stëftung mat Sëtz zu Mailand an zu Zürich huet den Numm vum italieenesche Journalist Eugenio Balzan (1874 bis 1953). Seng Duechter d'Angela Balzan huet 1957 am schwäizeresche Lugano aus der Ierfschaft vun hirem Papp d'Stëftung gegrënnt.

Den Eugenio Balzan huet am Ufank als Journalist beim Corriere della Sera geschafft a gouf du Geschäftsführer a Matproprietaire. Am Joer 1933 huet hien Italien aus Widderstand géint d'faschistesch Kreesser verlooss, déi d'Onofhängegkeet vum Corriere bedreet hunn. Bis zu sengem Doud am Joer 1953 huet den Eugenio Balzan an der Schwäiz gelieft.

1961 gouf den éischte Balzan-Präis un d'Nobelstëftung verginn. Zanter 1979 ginn all Joer véier Wëssenschaftspräisser eraus. All dräi bis fënnef Joer ginn ausserdeem e mat 2 Millioune Schwäizer Frang (ongeféier 1,25 Milliounen Euro) grousse Balzan-Präis fir Fridden, Humanitéit a Bridderlechkeet ënner de Vëlker verginn. Éischt Balzan-Friddenspräislaureatin war am Joer 1978 d'Mutter Teresa, déi d'Joer duerno de Friddensnobelpräis krut.

D'Präisdréier souwéi d'Fachgebidder vun de Präisser gi vun engem internationale Kommitee bestëmmt, an deem haut 19 renomméiert Natur- a Geeschteschwëssenschaftler sinn. Am Joer 2006 goufe Balzan-Präisser a follgende Sparte verginn: an der Geschicht vun der oweslännescher Musek zanter 1600, an der Geschicht an Theorie vum politeschen Denken, an der visueller Astronomie an Astrophysik souwéi an der Molekulargenetik vun de Planzen.

D'Verdeele vun de Präisser ass all Joer am Wiessel an der Accademia Nazionale dei Lincei zu Roum souwéi - am Schwäizer Parlament zu Bern. D'Stëftungsverméige gëtt zu Zürich an der Schwäiz gefouert.

De Balzan-Präis gehéiert wéinst senger wëssenschaftlecher Seriösitéit an der Héicht vun der Präiszomm – all Präis ass mat enger Millioun Schwäizer Frang dotéiert – zu de bedeitendste wëssenschaftlechen Auszeechnunge weltwäit. Am Ënnerscheed zu aneren internationale Präisser gëtt de Balzan-Präis all Joer un aner Fachberäicher verginn.

  • All Joer gi véier Präisser ausgedeelt.
  • Präiszomm: jee 1 Millioun Schwäizer Frang; all 3-5 Joer e Friddenspräis vun 2 Millioune Schwäizer Frang.
  • Präisgebidder: zwee am Beräich Geeschtes- a Sozialwëssenschafte souwéi Konscht; zwee am Beräich Naturwëssenschaften, Physik, Mathematik a Medezin.
  • Nowuessënnerstëtzung: D'Laureate loossen d'Hallschent vun der Präiszomm dem Fuerschungsprojet vun hirem Fachgebitt zoukommen

D'Laureaten

änneren
  • Mutter Teresa (AL) – Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet ënner de Vëlker

Um Spaweck

änneren