Den Eric John Ernest Hobsbawm, gebuer den 9. Juni 1917 zu Alexandria an Egypten, a gestuerwen den 1. Oktober 2012 zu London, war e brittesche marxisteschen Historiker an Auteur. Hien ass ënner anerem bekannt fir säi Wierk The Age of Extremes. Seng Fachgebidder si Wirtschafts- a Sozialgeschicht.

Eric Hobsbawm
Gebuer 9. Juni 1917
Alexandria
Gestuerwen 1. Oktober 2012
London
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Historiker
Member vun American Academy of Arts and Sciences, British Academy, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, Royal Society of Literature, Accademia delle Scienze di Torino

Kandheet a Jugend änneren

Dem Hobsbawm säi Papp, de Leopold Percy Hobsbaum, war de Bouf vun engem jiddesche Londoner Schräiner.[1] Seng Mamm, Nelly Grün, war eng Éisträicherin an Duechter vun engem dichtege Wiener Bijoutier. Wéi den Eric Hobsbawm um brittesche Konsulat ugemellt ginn ass, huet de Beamte säi Familljennumm falsch geschriwwen.[2]

Seng Kandheet huet den Hobsbawm fir d'éischt zu Wien verbruecht, an enger Zäit vu wirtschaftleche Krisen an Ausernanersetzungen tëscht der konservativer Regierung a marxistesche Revolutionäre mat Ënnerstëtzung vun de Wiener Aarbechter.[3] Dem Hobsbawm seng eege Famill, déi wéi d'Mëttelkass generell duerch Krich an Inflatioun an der Nokrichszäit veraarmt war,[4] war weeder chrëschtlech-sozial, nach sozialdemokratesch agestallt.[5] Affer vun Antisemitismus ass den Hobsbawm ni ginn, well, sou mengt hie réckbléckend, seng brittesch Nationalitéit vu senge jiddeschen Originnen ofgelenkt huet.[6]

Den 8. Februar 1929 ass dem Hobsbawm säi Papp gestuerwen. Seng lescht Méint beschreift den Hobsbawm als “the last terrible months, indeed the last very days, of his life”.[7] Am selwechte Joer, wärend senger Schoulvakanz, huet den Hobsbawm seng éischt Rees an England gemaach, wou hien an der Privatpensioun vu senger Tatta zu Lancashire iwwernuecht huet. De Wonsch vu senger Mamm, fir ëmmer do ze bleiwen, ass allerdéngs net an Erfëllung gaangen, well seng Tatta net déi finanziell Mëttelen hat den Hobsbawm fir eng laang Zäit ze versuergen, an hien ass no der Vakanz erëm zeréck op Wien komm.[8]

Enn 1929 huet dem Hobsbawm seng Mamm eng Longekrankheet erwëscht, a wéi si an d'Spidol ageliwwert gouf, ass hie bei säi Groussmonni, Viktor Friedmann, op Weyer op der Ems wunne gaangen. Kuerz drop ass seng Mamm an en anert d'Spidol, am Bezierk Währing, verluecht ginn. Den Hobsbawm huet missen nach emol plënneren, a fir déi zweet Kéier och de Lycée wiesselen. Hien huet bei enger Wittfra als au pair gelieft an hirem Bouf Engleschcourse ginn.[9] Dem Hobsbawm seng Mamm ass den 12. Juli 1931 un de Follge vun hirer Longekrankheet gestuerwen.[10]

Duerno huet e Wien verlooss an ass mat senger Schwëster Nancy op Berlin gaangen, zur Zäit vun der Weltwirtschaftskris a massiver Aarbechtslosegkeet. Si hu bei hirem Monni Sidney, senger Fra Gretl an deenen hirem Bouf Peter gewunnt.[11] Den Hobsbawm ass wärend senger Zäit zu Berlin an de Prinz-Heinrich-Gymnasium gaangen, an déi Méint do, hu bei him déi déifst Andréck hannerlooss.[12]

Am Hierscht 1932 waren just nach hien an d'Nancy zu Berlin, de Rescht vun der Famill war op Barcelona geplënnert. Déi zwee Geschwëster sinn op Lichterfelde, e Faubourg vu Berlin, bei eng Tatta wunne gaangen. Allerdéngs waren den Hobsbawm a seng Schwëster op sech eleng gestallt, well hir Tatta net mat Kanner ëmgoe konnt a vun der Hand an de Mond huet misse liewen. Dem Hobsbawm seng lescht Méint zu Berlin waren eng ereegnesräich Zäit.[13] Hien huet nach den Ufank vum Drëtte Räich materlieft. An där Zäit ass mat Noutstandsveruerdunge regéiert ginn, d. h. Aschränkung vu Meenungs- a Pressefräiheet, d'kommunistesch Partei ass verbueden a jiddesch Geschäfter si boykottéiert ginn.[14]

Am Abrëll 1933 sinn den Hobsbawm a seng Schwëster schlussendlech an England emigréiert an hunn zu London gewunnt,[15] wou d'Gretl an de Sidney, déi och do gewunnt hunn, sech ëm si bekëmmert hunn.[16] Dem Hobsbawm seng Kosenge ware seng eenzeg enk Frënn. Duerch si ass hie mat der brittescher Welt a Kontakt komm.[17] Zu London huet den Hobsbawm seng liewenslaang Passioun fir den Jazz entdeckt.[18]

Wärend dräi Joer ass hien an d'St. Marylebone Grammar School zu London gaangen, wou hie keng dauerhaft Frëndschaften entwéckele konnt, wat och doru louch datt hien, senger eegener Ausso no, sech deenen anere Schüler géintiwwer intellektuell iwwerleeë gefillt huet.[19] An där Zäit huet hie vill gelies a sech staark mam Marxismus auserneegesat. Well hie senge Lektüren ëmmer marxistesch-historesch Interpretatioune ginn huet, ass him bewosst ginn, datt hie gär Historiker wéilt ginn.[20]

Erwuessenenalter an akadeemesch Karriär änneren

1936 ass den Eric Hobsbawm, well en e Stipendium krut, op de King's College zu Cambridge studéiere gaangen.[21] A senger Famill war hien deen éischten, deen eng akadeemesch Carrière ageschloen huet.[22] Wärend senge Vakanzen ass den Hobsbawm tëscht der London School of Economics (LSE) a Frankräich hin an hier gependelt. Op der LSE huet hien och dauerhaft Frëndschafte knëppe kënnen, wéi z. B. mam John Saville.[23] 1939 huet den Hobsbawm säi Studium um King's College ofgeschloss. Wärend sengem Openthalt a Frankräich ass Pole vun Däitschland iwwerfall ginn.[24] Hien ass an England zeréckgaangen an am Februar 1940 an d'brittesch Arméi agezu ginn. Seng sechs Joer am militäreschen Déngscht bezeechent den Hobsbawm als déi onbefriddegst Zäit a sengem Liewen.[25] Hien hat Groussbritannien allerdéngs ni verlooss.[26] 1946 sollt hie mat enger Loftlandeeenheet a Palestina geschéckt ginn. Mä obschonn en als kommunistesche Judd anti-zionistesch agestallt war, wollt hien net an engem Sträit tëscht Britten, Araber a Judden agemëscht ginn, an huet seng Kontakter benotzt fir erëm zeréck op Cambridge kënnen ze goen.[27]

1947 ass den Hobsbawm Dozent um Birkbeck College (University of London) ginn, wou hie bis 1982 geschafft huet.[28] Am selwechte Joer huet de britteschen Ausseministère hie fir kuerz Zäit an Däitschland geschéckt, fir bei der “Reeducatioun” vun den Däitsche matzehëllefen.[29] No där kuerzer Episod huet hien erëm weider Coursen um Birkbeck College ginn. An den 1950er Jore sinn et zwar, aneschtes wéi an den Vereenegte Staaten, keng kommunistesch Botzaktioune ginn, mä kommunistesch Dozente si weeder avancéiert nach bis 1958 agestallt ginn.[30] E Buch vum Hobsbawm ass 1953 wéinst senge politeschen Usiichten net verëffentlecht ginn.[31]

Den Eric Hobsbawm selwer schreift réckbléckend, datt déi éischt Hallschent vun den 1950er Jore keng schéin Zäit fir hie war. 1950 huet e sech vu senger éischter Fra, der Muriel Seaman, gescheet. Am selwechte Joer huet hien e Stipendium (fellowship) fir de King's College gewonnen, wou hie fënnef Joer bleiwe sollt. Den Hobsbawm huet gemëscht Gefiller iwwer seng Zäit zu Cambridge. Engersäits war hien éischter e Stadmënsch a konnt sech mam Duerfliewen net richteg ufrënnen, anerersäits konnt hien nach e bëssen eppes vum Studenteliewe matkréien.[32]

No där Zäit ass den Hobsbawm op Bloomsbury geplënnert, wou e bis 1962 gebliwwen ass.[33] Hie war a verschiddenen akadeemeschen oder intellektuelle Gruppen aktiv, sou z. B. an der Historikergrupp vun der kommunistescher Partei, déi déi historesch Zäitschrëft Past & Present gegrënnt huet.[34] An där Zäit sollt den Hobsbawm wéinst senge Wierker lues a lues eng international Renommée kréien. 1962 huet e sech mat senger zweeter Fra, der Marlene Schwarz, bestuet.[35]

1967 huet den Hobsbawm Coursen zu Berkeley op der University of California ginn, wärend dem Héichpunkt vun den Anti-Vietnam-Protester.[36] Wéi den Hobsbawm am Mee 1968 op Paräis wéinst enger Konferenz gaangen ass, huet hien d'Studentenopstänn materlieft.[37] A senger Autobiographie schreift en, datt se fir hie wëllkomm waren, mä awer och gläichzäiteg verwirrend, well hien aner Weltusiichten hat wéi déi jonk Studenten.[38]

An den 1970er Joren ass den Eric Hobsbawm zu engem bekannten Historiker avancéiert, deem seng Zougehéieregkeet zu der kommunistescher Partei nëmmen als Niewesaach ugesi gouf.[39] 1970 ass hien um Birkbeck College habilitéiert an 1978 Member vun der British Academy ginn.[40]

Als Professer huet den Hobsbawm haaptsächlech Kuren um Birkbeck College an op der New School for Social Research zu New York ginn.[41] Déi meescht Zäit vu sengem Liewen huet den Hobsbawm a Groussbritannien an den USA verbruecht.[42] Hie wunnt elo zu Hampstead[43] an ass President vum Birkbeck College.[44] Hien huet dräi Kanner: Joshua, Julia an Andy Hobsbawm.[43]

Wierker änneren

1959 ass säin éischt Buch, Primitive Rebels, publizéiert ginn, dat souwuel bei Historiker wéi och bei Sozialwëssenschaftler gutt ukomm ass.

1962 ass The Age of Revolution. Europe 1789–1848 verëffentlecht ginn, dat zesumme mat The Age of Capital. 1848–1875 (1975) an The Age of Empire. 1875–1914 (1987) eng Trilogie iwwer d'Geschicht vum "laangen 19. Joerhonnert" forméiert an den Opstig vum Kapitalismus nozeechent.[43] Des Weideren huet hien eng Kollektioun iwwer d'Geschicht vun der Aarbecht (Labouring Men, 1964), en Text iwwer d'brittesch Wirtschaftsgeschicht zanter dem 18. Joerhonnert (Industry and Empire, 1968), Bandits (1969), an zesumme mam George Rudé e Buch iwwer de Bauerenopstand vun 1830 (Captain Swing, 1969) verëffentlecht.[39]

An den 1970er Joren huet en duerch seng vill Reese manner Bicher geschriwwen. An där Zäit ass ënner anerem eng Serie iwwer d'Geschicht vum Marxismus (History of Marxism, 1978-1982) erauskomm.[45]

An den 1980er Jore sollt den Hobsbawm erëm méi produktiv ginn. Nieft enger Rei vun Artikelen huet hien Nations and Nationalities since the 1780s (1990) an Echoes of the Marseillaise. Two Centuries Look Back on the French Revolution (1990) erausbruecht.[45]

Well den Hobsbawm an der kommunistescher Partei war, konnt hien als Historiker net iwwer d'Evénementer no 1917 schreiwen ouni politesch dénoncéiert ze ginn. Mam 20. Joerhonnert huet hie sech eréischt befaasst, wéi et bal eriwwer war.[46] The Age of Extremes, an deem hie sech mam "kuerzen 20. Joerhonnert" befaasst, ass 1994 erauskomm an zu engem vu senge gréisste Succèsë ginn.[47] Säi lescht Buch, How to Change the World. Marx and Marxism 1840-2011, eng Kollektioun vun Essays, ass 2011 verëffentlecht ginn.[48]

Politesch Iwwerzeegungen änneren

Dem Hobsbawm seng Politiséierung geet bis a seng Jugend zeréck.[49] Et ass wärend senge Méint zu Berlin wou e wollt Kommunist ginn.[50] En ass enger kommunistescher Organisatioun, dem Sozialistischer Schülerbund, bäigetrueden.[51] Deemools waren hien a seng Komeroden der Iwwerzeegung, datt d'Nazien duerch eng radikaliséiert Aarbechterklass géife gestierzt gi wa se un d'Muecht kéimen. Réckbléckend distanzéiert sech den Hobsbawm vun dëser Astellung: datt den Hitler un d'Muecht komm ass, wier zwar net onévitéierbar gewiescht, mä zu deem Zäitpunkt hätten d'Sozialdemokraten an d'Kommunisten näischt dogéint maache kënnen.[52]

Wärend sengen éischte Joren zu London huet sech den Hobsbawm vill mam Marxismus ausernanergesat.[53] Awer eréischt wärend senger Zäit zu Cambridge ass hien der kommunistescher Partei bäigetrueden, ouni allerdéngs wëllen eng politesch Carrière ze maachen.[54]

Bis kuerz virun hirer Opléisung 1991 sollt den Hobsbawm an der kommunistescher Partei bleiwen.[43] Allerdéngs huet hien dacks eng méi distanzéiert Positioun ageholl. E bezeechent de Stalin als “terrible old man”.[55] Vum Stalin senger Sowjetunioun seet hien datt si ze vill Affer gefuerdert hätt, an datt réckbléckend betruecht de Projet zum Scheitere verurteelt war.[43] 1956, nom Néierschloe vum Ungarnopstand, wat den Hobsbawm kritiséiert huet, ass et zu engem Broch tëscht dem Historikergrupp an der KP komm.[56] Am Géigesaz zu verschiddene Kolleegen ass hien allerdéngs an der KP gebliwwen, mä war net méi politesch aktiv.[57] En huet haaptsächlech nëmmen nach Artikele fir Marxism Today geschriwwen (bis 1991) oder Bicher iwwer de Marxismus erausbruecht.[58]

Sech selwer gesäit den Hobsbawm als Kommunist vun der éischter Generatioun un, deem seng Referenz d'Oktoberrevolutioun ass. Datt hie bis zum Schluss an der Partei gebliwwen ass, war awer och aus Stolz, sou den Hobsbawm, well hie sech doduerch als bekannte Kommunist beweise konnt.[59] An den 1980er Jore konnt hie sech net méi mat der UdSSR identifizéieren.[60]

Fir den Hobsbawm sinn d'Errongeschafte vum Kommunismus aussergewéinlech, och wann en dout ass.[61]

Aner Astellungen änneren

Den Hobsbawm huet fir d'USA, a besonnesch New York, vill Positives iwwereg. No him wëssen allerdéngs d'Vereenegt Staaten net, wat se mat hirer Muecht maache wëllen oder kënnen:

Our problem is rather that the US empire does not know what it wants to do or can do with its power, or its limits. It merely insists that those who are not with it are against it.”[62]

Den Hobsbawm, dee seng jiddesch Relioun net aktiv praktizéiert, ass antizionistesch agestallt. Hie steet der Iddi vum Joseph Hetzl a senger Virstellung, an enger Natioun ze liewen, déi nëmmen aus Judde besteet, kritesch géintiwwer. Den Hobsbawm fillt sech och kenger emotionaler Bindung zu Israel verflicht, dat hien als “small, militarist, culturally disappointing and politically aggressive nation-state which asks for my solidarity on racial grounds” bezeechent.[63]

En ass géint Atomwaffen a fir en Atomwaffenofbau.[64]

Kritik a Luef änneren

D'New York Times huet den Hobsbawm als ee vun deene grousse britteschen Historiker vu senger Zäit bezeechent, als “an unapologetic Communist and a polymath whose erudite, elegantly written histories are still widely read in schools here and abroad.[65] The Spectator, e lénksgeriichte brittesche Magazin, beschreift den Hobsbawm als ee vun deene gréisste liewenden Historiker.[66]

De britteschen Historiker David Pryce-Jones dogéint kritiséiert, datt den Hobsbawm korrompéiert Wëssen iwwer Propaganda hätt an e professionellen Historiker wier, dee weeder en Historiker nach professionell wier.[65]

Dem Ben Pimlott no ass dem Hobsbawm säi Marxismus en Hëllefsmëttel, awer keng Zwangsjackett. Fir de Stuart Hall ass den Hobsbawm ee vun deene wéinege lénksgeriichten Historiker, deen och vun deene Leit eescht geholl gëtt, déi seng politesch Iwwerzeegungen net deelen.[67]

Den Tony Judt vertrëtt d'Opfaassung, datt den Hobsbawm enger “pernicious illusion of the late Enlightment” géif unhänken, nämlech “that if one can promise a benevolent outcome it would be worth the human cost”, obwuel eng vun de gréisste Lektioune vum 20. Joerhonnert wier, datt dat net géif stëmmen. Den Judt fënnt et méi tragesch wéi schänterlech, datt hie fir sou e kloer denkende Schrëftsteller “blind to the sheer scale of the price paid” ass.[67]

Éierungen an Auszeechnungen änneren

  • 1995: Deutscher Memorial Prize[68]
  • 1995: Lionel Gelber Prize[69]
  • 1996: Wolfson History Oeuvre Prize[70]
  • 1997: Victor-Adler-Staatspreis für Geschichte sozialer Bewegungen[71]
  • 1998: Order of the Companions of Honour
  • 1999: Leipziger Buchpreis zur Europäischen Verständigung[72]
  • 1999: Éierendokter op der Universidad de la República Montevideo, Uruguay
  • 2000: Ernst-Bloch-Präis[73]
  • 2003: Balzan Präis[74]
  • 2008: Éierebierger vun der Stad Wien[75]
  • 2008: Éierendokter op der Universitéit Wien
  • 2008: Éierendokter op der Universitéit Prag
  • 2008: Bochumer Historikerpräis[76]

Lëscht vun de Wierker (Auswiel) änneren

Wierker fir online ze liesen änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Cf. HOBSBAWM, Eric, Interesting Times. A Twentieth-Century Life. New York 2005, S. 3.
  2. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 2.
  3. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 8.
  4. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 13.
  5. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 16.
  6. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 22f.
  7. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 26.
  8. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 34.
  9. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 36.
  10. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 37.
  11. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 47f.
  12. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 49. “The nineteen months or so at the PHG have left the deepest impression in my life.
  13. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 58f.
  14. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 74-77.
  15. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 77.
  16. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 80.
  17. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 90.
  18. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 81.
  19. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 92f.
  20. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 96f.
  21. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 99.
  22. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 105.
  23. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 121.
  24. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 125f.
  25. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 154.
  26. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 156.
  27. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 172.
  28. MALEY, Willy, Revolutionary Roads Unmapped (Times Higher Education vum 3. Februar 2011). Leschten Zougrëff: 25. Abrëll 2012.
  29. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 177.
  30. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 182.
  31. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 184.
  32. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 185f.
  33. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 219.
  34. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 191.
  35. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 219f.
  36. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 250.
  37. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 246.
  38. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 249.
  39. 39,0 39,1 Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 304.
  40. Eric Hobsbawm. A Life (The Observer vum 22. September 2002). Leschten Zougrëff: 23. Abrëll 2012.
  41. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 299.
  42. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 410.
  43. 43,0 43,1 43,2 43,3 43,4 Cf. JAGGI, Maya, A question of faith (The Guardian vum 14. September 2002). Leschten Zougrëff: 22. Abrëll 2012.
  44. Säit vum Birkbeck College. Leschten Zougrëff: 22. Abrëll 2012.
  45. 45,0 45,1 Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 305.
  46. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 291.
  47. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 306.
  48. MALEY, Willy, Revolutionary Roads Unmapped (Times Higher Education vum 3. Februar 2011). Leschten Zougrëff: 22. Abrëll 2012.
  49. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 13f.
  50. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 56.
  51. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 62.
  52. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 69.
  53. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 96.
  54. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 113.
  55. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 196.
  56. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 207.
  57. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 211.
  58. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 272.
  59. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 218.
  60. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 278.
  61. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 127.
  62. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 410.
  63. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 24f. En ernimmt zwar net explizit Israel, allerdéngs ass et duerch de Kontext kloer u wéi e Land hie sech riicht.
  64. Cf. HOBSBAWM, Interesting Times (wéi Umierkung 1), S. 233.
  65. 65,0 65,1 Zitéiert no: MOYNIHAN, Michael, How a true Believer Keeps the Faith (The Wall Street Journal vum 20. August 2011). Leschten Zougrëff: 22. Abrëll 2012.
  66. Cf. CAUTE, David, Great helmsman or mad wrecker (The Spectator vum 19. Oktober 2002). Leschten Zougrëff: 22. Abrëll 2012.
  67. 67,0 67,1 Zitéiert no: JAGGI, Maya, A question of faith (The Guardian vum 14. September 2002). Leschten Zougrëff: 22. Abrëll 2012.
  68. Lëscht vun de Präisdréier. Leschten Zougrëff: 31. Mee 2012.
  69. Lëscht vun de Präisdréier um Site vum Lionel Gelber Präis. Leschten Zougrëff: 31. Mee 2012.
  70. Lëscht vun de Gewënner als PDF-Datei. Leschten Zougrëff: 31. Mee 2012.
  71. Lëscht vun de Gewënner. Leschten Zougrëff: 31. Mee 2012.
  72. Lëscht vun de Präisdréier op der Websäit vun der Stad Leipzig. Leschten Zougrëff: 31. Mee 2012.
  73. Lëscht vun de Präisdréier zanter 1985 op der Säit vum Ernst Bloch Zentrum. Leschten Zougrëff: 31. Mee 2012.
  74. Lëscht vun de Balzan-Präisgewënner. Leschten Zougrëff: 31. Mee 2012.
  75. Lëscht vun den Eirebierger. Leschten Zougrëff: 31. Mee 2012.
  76. Lëscht vun de Präisdréier op der Säit vun der Universitéit Bochum. Leschten Zougrëff: 31. Mee 2012.