Mutter Teresa
D'Teresa vu Kalkutta, allgemeng als „Mutter Teresa“ bekannt, gebuer als Agnes Gonxha Bojaxhiu de 27. August 1910 zu Skopje an haitegen Nordmazedonien, a gestuerwen de 5. September 1997 zu Kalkutta an Indien, war eng kathoulesch Schwëster vun albaneschen Originnen. Si war d'Grënnerin vum Uerde vun de "Missionnairinne vun der Nächsteléift" an ass 1979 mam Friddensnobelpräis ausgezeechent ginn[1].
Mutter Teresa | |
---|---|
Titel | |
Titel | Supremus moderator |
Biographie | |
Reliéisen Numm | Helleg Teresa vu Kalkutta |
Gebuertsnumm | Anjezë Gonxhe Bojaxhiu |
Gebuer |
26. August 1910 Skopje |
Gestuerwen |
5. September 1997 Kalkutta |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Graf | Mother House Of The Missionaries Of Charity |
Nationalitéit | Albanien, Indien, Osmanescht Räich, Indesch Unioun |
Papp | Nikollë Bojaxhiu |
Aktivitéit | Uerdensschwëster |
Aner Informatiounen | |
Statut | Séileg (19. Oktober 2003) |
Ënner dem | Franciscus |
Gedenkdag | 5. September |
Graf vun der Mutter Reresa | |
Am Joer 2003 gouf si vum Poopst Jean-Paul II. séileg gesprach.
Biographie
ännerenD'Mutter Teresa war dat jéngst vun 3 Kanner (no hirer Schwëster Age, *1904 an hirem Brudder Lazar, *1907). D'Gonxha, wéi si an hirer Kandheet geruff ginn ass, ass an enger wuelsituéierter kathoulescher Famill opgewuess a reliéis erzu ginn. Hir Schoulausbildung huet si an enger kathoulescher Meederchersschoul zu Shkorda absolvéiert. Wéi si 9 Joer al war, ass hire Papp onerwaart gestuerwen a si huet sech doropshin nach méi un hire Glawe gehalen. Scho mat 12 Joer huet si sech fir e Liewen als Nonn entscheet. Méi a méi huet d'Meedchen de Wonsch verspuert sech an der Missioun z'engagéieren. Am September 1928, mat 18 Joer, huet si sech de Schwëstere vun der Jongfra vu Loreto, déi sech besonnesch am Schoulunterrecht a Bengalen, Indien engagéiert hunn, ugeschloss an huet zu Dublin, Irland, hir Ausbildung als Missionnairin gemaach. Si huet den Uerdensnumm Teresa zu Éiere vun der Thérèse vu Lisieux ugeholl.
Zwéi Méint drop ass si op Kalkutta geschéckt ginn, wou si als Léierin ausgebilt gouf. Am Mee 1931 huet si hiert éischt Gelübnis ofgeluecht. Méi spéit ass si dann Directrice vun der St. Mary's School ginn. 1937 huet si hiert definitiivt Gelübd ofgeluecht.
Den 10. September 1937 huet d'Teresa sech op Darjeeling zeréckgezunn, wou si sech entschloss huet, sech fir déi Äermst vun den Aarmen anzesetzen. Dowéinst huet si dësen Dag och als „dee wichtegsten an hirem Liewen“ bezeechent. Trotzdeem huet et nach bis 1948 gedauert bis si d'Erlabnes kritt huet, den Uerden ze verloossen an hirer Beruffung nozekommen, ënner deenen Äermsten am Slum ze liewen an ze schaffen.
1948 huet d'Mutter Teresa déi indesch Staatsbiergerschaft ugeholl an 1950 den Uerde vun de Missionnairinne vun der Nächsteléift gegrënnt. Deemools hat déi Gemeinschaft 12 Schwësteren, vun deenen d'Teresa d'Leedung iwwerholl huet. Wéi an alle kathouleschen Uerde verflichten d'Membere sech dem Zölibat, der Aarmut an der Obéissance. Méi spéit ass den Uerde vum Poopst unerkannt ginn a stoung ënnert senger Kontroll. Mat hirem Uerden huet d'Mutter Teresa sech em Leit déi um Stierwe louche gekëmmert, ëm Weesen a Kranker. Hiert speziellt Engagement louch och an der Betreiung vu Leprakranken.
Duerch vill Spenden ass d'Gemeinschaft gewuess, besonnesch nodeem d'Mutter Teresa 1979 mam Friddensnobelpräis ausgezeechent gouf. 2003 huet den Uerde schonn 710 Haiser vun der Nächsteléift an 133 Länner ënnerhalen.
1983, wärend enger Visitt beim Poopst Jean-Paul II., hat si en éischten Häerzinfarkt, an huet no enger 2. Attack am Joer 1989 en Häerzschrëttmécher agesat kritt. No enger Longenentzündung, déi si sech 1991 zu Mexiko zougezunn huet, sollt sech hiert Häerz och net méi richteg erhuelen. 1996 huet sech hire gesondheetlechen Zoustand weider verschlechtert: am Abrëll huet si sech beim Falen d'Schlësselbeen gebrach, méi spéit am Joer ass bei hir Malaria festgestallt ginn a si gouf nees eng Kéier um Häerz operéiert. Den 13. Mäerz 1997 ass si dunn definitiv vum Virsëtz vum Uerden zeréckgetrueden a knapp sechs Méint duerno, de 5. September 1997 zu Kalkutta gestuerwen.
Auszeechnungen
änneren- Damien Dutton Award
- 1962 - Ramon Magsaysay Award
- 1973 - Templeton-Präis
- 1978 - Balzan-Präis
- 1979 - Friddensnobelpräis
- 1980 - Bharat Ratna
An Albanien ass den Dag vun hirer Beatifikatioun en nationale Feierdag. Schoulen an Administratiounen hunn deen Dag zou. Vun der Regierung ass e Mutter-Theresa-Uerde gestëft ginn an am Joer vun hirer Séilegspriechung 2003 ass de Fluchhafe vun Tirana no hir ëmbenannt ginn.
Zu hirer Éier gouf zu Jonglënster, Miersch, Rodange a Stroossen allkéiers eng Strooss no hir genannt (Rue Mère Teresa).
Kritik
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
De Séileg- an Hellegspriechungsprozess fir d'Mutter Teresa ass schonn am Juni 1999 ageleet ginn; dat mat besonnescher Erlabnes vum Poopst Jean-Paul II., well de Prozess normalerweis eréischt fréistens 5 Joer nom Doud ageleet ka ginn. D'Séilegspriechung ass dunn den 19. Oktober 2003 erfollegt, nëmme 6 Joer nom Doud vun der Uerdensfra, wat domat och déi séierst Séilegspriechung vun der Neizäit war.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Mutter Teresa – Biller, Videoen oder Audiodateien |