Auriga (Stärebild)
Date vum Stärebild Auriga | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Fouermann |
Laténgeschen Numm | Auriga |
Laténgesche Geenitiv | Aurigae |
Laténgesch Ofkierzung | Aur |
Positioun | nërdleche Fixstärhimmel |
Rektaszensioun | 4h 37m bis 7h 31m |
Deklinatiun | +56° 10´ bis +28° 00´ |
Fläch | 657 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breetegraden | 90° Nord bis 34° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Wanter |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
5 |
Hellste Stär, Gréisst |
α Aurigae (Capella), 0,08m |
Meteorstréim | Alpha-Aurigiden |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Camelopardalis Perseus Taurus Gemini Lynx |
Den Auriga ass e Stärebild vum Nordhimmel.
Beschreiwung
ännerenDen Auriga ass e grousst a liicht erkennbaart Stärebild. Et grenzt direkt ëstlech un den Taurus (Stéier) un. Zesumme mat dem Stär Elnath (β Tauri), deen zum Taurus gehéiert, mécht den Auriga en onreegelméissegt Sechseck. Den Haaptstär Capella ass opfälleg hell.
Den nërdlechen Deel vum Auriga ass op eise Breetegraden zirkumpolar, d. h., dat ganzt Joer iwwer ze gesinn. Et erreecht am Wanter seng héchst Positioun um Nuetshimmel.
Duerch den Auriga zitt sech dat stäreräicht Band vun der Mëllechstrooss, dofir sinn do vill interessant Objete wéi Stärekéip an Niwwelen ze gesinn.
Geschicht
ännerenD'Stärebild war scho bei de Babylonier als Rukubi bekannt. De laténgeschen Numm Auriga bedeit souvill wéi Steiermann.
D'Réimer hunn d'Stärebild mat dem griichesche Kinnek Erichthonios, deen de véierspännege Won erfonnt huet, identifizéiert.
Den Auriga gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der anticker griichescher Astronomie, déi vum Ptolemäus beschriwwe gouf.
Himmelsobjeten
ännerenStären
ännerenB | F | Numm o. aner Bezeechnungen | m | M | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|---|
α | 13 | Capella, Alhajoth | 0,08 | -0,48 | 42 | G5 III + G0 III |
β | 34 | Menkalinan | 1,9 | -0,1 | 82 | A2 V |
θ | 37 | Bogardus | 2,65 | -0,98 | 173 | A0p + G |
ι | 37 | Hassaleh, Kabdhilinam, Al Kab | 2,69 | -3,29 | 510 | K3 II |
ε | 7 | Almaaz, Al Anz | 2,9 bis 3,8 | -5,9 bis –4,8 | 2000 | F0 Ia |
η | 10 | Haldus, Hoedus II, Haedus II | 3,18 | -0,96 | 219 | B3 V |
ζ | 8 | Azaleh, Hoedus I, Haedus I, Sadatoni, Saclateni | 3,7 bis 4,0 | -3,2 bis –2,5 | 790 | K4 II + B8 V |
δ | 33 | Prijipati | 3,72 | 0,55 | 140 | K0 III |
ν | 32 | 3,97 | -0,13 | 215 | K0 III | |
π | 35 | 4,24 bis 4,34 | 840 | M3 II | ||
κ | 44 | 4,32 | 169 | G8 IIIb | ||
τ | 29 | 4,51 | 213 | G8 III Fe-1 | ||
16 | 4,54 | |||||
λ | 15 | 4,69 | 41 | G1 IV | ||
χ | 25 | 4,71 | 2000 | B5 Iab | ||
υ | 31 | 4,72 | 475 | M0 III | ||
2 | 4,79 | |||||
ψ2 | 50 | 4,80 | 433 | K3 III | ||
μ | 11 | 4,82 | ||||
63 | 4,91 | |||||
ψ1 | 46 | 4,92 | ||||
4 | 4,93 | |||||
ξ | 30 | 4,96 | ||||
9 | 4,98 | |||||
ψ7 | 58 | 4,99 | ||||
14 | 5,01 | |||||
σ | 21 | 5,02 | ||||
ψ4 | 55 | 5,04 | ||||
19 | 5,05 | |||||
φ | 24 | 5,08 | ||||
ρ | 20 | 5,22 | ||||
AE | 5,78-6,08 | 1400 | O9.5 V |
Den α Aurigae ass mat enger visueller Magnitude vun 0,08m den hellste Stär am Auriga. Et handelt sech ëm e spektroskopeschen Duebelstäresystem op enger Distanz vun 42 Liichtjoer, a besteet aus zwéi Risestäre mat der Spektralklass G5 a mat der 70facher respektiv 90facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Déi zwéi Stären ëmkreese sech a sou engem enken Ofstand, datt si mat engem opteschen Teleskop net getrennt kënne ginn. Nëmmen Ënnersichunge vun hirem Spektrum weisen, datt et sech ëm zwéi Stären handelt.
Den Numm Capella ass laténgesch a bedeit “kleng Geess”. Den arabeschen Numm Alhajoth leet sech och vu „Geess“ of.
System | m | Ofstand |
---|---|---|
θ | 2,7 / 7,2 / 9 | 3,0 / 45" |
δ | 3,72 / 9,7 / 9,7 | 115,4 / 197,1" |
ω | 4,9 / 7,8 | 5" |
ν | 4,0 / 9,5 | 54,6" |
λ | 4,69 / 13,4 | 29" |
14 | 5,1 / 7,5 | 14,6" |
26 | 5,4 / 8,0 | 12,4" |
41 | 6,2 / 7,0 | 7,6" |
Den θ Aurigae ass e Méifachstäresystem, bei deem sech dräi Stären ëm ee kollektive Schwéierpunkt beweegen. Fir all dräi Stären z'observéiere brauch een en Teleskop vun iwwer 8 cm Duerchmiesser.
Den ω Aurigae ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 250 Liichtjoer, mat zwéi Stäre vun der Spektralklass A0 an F5 déi wäiss liichten.
Verännerlech Stären
ännerenStär | m | Period | Typ |
---|---|---|---|
β | 1,85 bis 1,93 | 47,5 Stonnen | Bedeckungsverännerleche |
ε | 2,9 bis 3,8 | 9883 Deeg | Bedeckungsverännerleche |
ζ | 3,7 bis 4,0 | 972,16 Deeg | Bedeckungsverännerleche |
π | 4,24 bis 4,34 | 972,16 Deeg | onreegelméisseg Verännerlechen |
RT | 5,0 bis 5,8 | 3,7281 Deeg | Cepheid |
AE | 5,78 bis 6,08 | onreegelméisseg Verännerlechen |
Den zweethellste Stär, β Aurigae, ass 82 Liichtjoer ewech. Hien ass, wéi de Capella, e spektroskopeschen Duebelstär an doriwwer eraus e bedeckungsverännerleche Stär, d. h., zwéi Stäre vun ënnerscheedlecher Liichtkraaft ëmkreese sech. Wann déi donkel Komponent virun déi hell réckelt, hëlt d'visuell Magnitude of.
Den ε Aurigae ass e bedeckungsverännerlechen Algolstär op enger Distanz vu 4.000 Liichtjoer. Vun alle bekannte Bedeckungsverännerlechen huet hie mat ronn 27 Joer déi gréisst Period, woubäi d'Phas vum Hellegkeetsminimum ronn 18 Méint ass.
Den ζ Aurigae ass och e Bedeckungsverännerleche vum Typ Algol. D'System besteet aus engem rouden Iwwerris mat der Spektralklass K4, dee vun engem klenge blozege Begleetstär vun der Spektralklass B ëmkreest gëtt. D'System huet déi zweetlängst bekannt Period: All 2,66 Jahre réckelt dee blozege Stär virun den Haaptstär an d'Hellegkeet hëlt of. D'System läit 790 Liichtjoer vun eis ewech.
D'Stären ε an ζ Aurigae ginn och als Haedus I an II (griichesch „d'Kanner“) bezeechent.
Den RT Aurigae ass e pulsatiounsverännerleche Stär vum Typ Cepheiden op enger Distanz vun 2.500 Liichtjoer. De Stär ännert rhythmesch, an 3 Deeg, 7 Stonnen a 28 Minutten, seng Hellegkeet.
Den AE Aurigae ass e verännerleche Stär op enger Distanz vu 1.400 Liichtjoer, deem seng Hellegkeet ouni erkennbar Reegelméissegkeet tëscht 5,78 a 6,08m schwankt. Miessunge vun der Eegebeweegung weisen, datt sech de Stär mat enger grousser Vitess vun 100 km/s beweegt. Hie gehéiert zu enger Grupp vu Stären, déi als „Runaway Stars“ (Deserteure) bezeechent ginn. Méiglecherweis ware si Member vun engem Méifachstäresystem a goufe bei enger Supernovaexplosioun oder duerch Laanschtzéie vun engem anere System virun zwou bis dräi Millioune Joer an de Raum geschleidert. Déi aner bekannten „Deserteure“ sinn 53 Arietis am Aries an η Columbae an der Columba.
Messier (M) | NGC | divers | m | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
36 | 1960 | 6,5 | Oppene Stärekoup | ||
37 | 2099 | 6,0 | Oppene Stärekoup | ||
38 | 1912 | 7,0 | Oppene Stärekoup | ||
1664 | 7,2 | Oppene Stärekoup | |||
1778 | 7,7 | Oppene Stärekoup | |||
1857 | 7,0 | Oppene Stärekoup | |||
1883 | Oppene Stärekoup | ||||
1931 | 10 | Emissiounsniwwel | |||
2126 | Oppene Stärekoup | ||||
2192 | Oppene Stärekoup | ||||
2281 | 5,4 | Oppene Stärekoup | |||
IC 405 | Emissiounsniwwel |
Am Auriga sinn dräi oppe Stärekéip, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a sengem Katalog mat niwwelegen Objeten (Messier-Katalog) opgeholl hat. All dräi Stärekéip si ronn 4.000 Liichtjoer vun eis ewech.
De M36 enthält ronn 60 Stäre vun der 9. bis 14. Gréisseklass.
De M37 ass e Stärekoup am Auriga.
Am Teleskop kann een de M38 opléisen a ronn 100 Eenzelstäre vun 8 bis 12m siichtbar maachen.
Den NGC 1931 ass en Emissiounsniwwel, eppes ëstlech vum M36. Dobäi gëtt eng Gaswollek vun engem Nopeschstär zum Liichten ugeregt.
Den NGC 2126 ass e oppene Stärekoup mat 20 Stäre vun 11 bis 14m.
Den NGC 2281 gouf am Joer 1788 vum Wilhelm Herschel entdeckt an ass och en interessanten oppene Stärekoup.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Auriga – Biller, Videoen oder Audiodateien |