Algolstäre sinn Duebelstäresystemer vun zwéi bal kugelfërmegen Eenzelstären, d. h. d'Stäre verforme sech net géigesäiteg duerch hir Gravitatioun. Hiren Orbitalplang verleeft sou, datt vun der Äerd aus gesinn, sech déi béid Stäre géigesäiteg bedecken. Algolstäre weisen an hirem Liichtbou periodesch Mindestwäerter, hir Liichtkraaft bleift awer konstant, an der Zäit an där sech déi zwéi Stären net bedecken. Déi Eegenschaft ënnerscheet se vun de Beta-Lyrae-Stären.

Animatioun vun engem bedeckungsverännerlechem Duebelstär mat sengem Liichtbou.[1],[2]

D'Algol-Stäre goufen nom Stär Algol am Stärebild Perseus genannt.

Referenzen änneren

  1. D. Gossman, Light Curves and Their Secrets, Sky & Telescope (October 1989, p.410)
  2. Eclipsing Binary Simulation, Cornell Astronomy