Lynx (Stärebild)
De Lynx (Luchs) ass en onschäinbaart Stärebild um Nordhimmel.
Date vum Stärebild Lynx | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Luchs |
Laténgeschen Numm | Lynx |
Laténgesche Geenitiv | Lyncis |
Laténgesch Ofkierzung | (Lyn) |
Rektaszensioun | 6h 16m bis 9h 42m |
Deklinatioun | +32° 58' bis +61° 57' |
Fläch | 545 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | -35° bis +90° |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Dat ganzt Joer |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
keng |
Hellste Stär, Gréisst |
α Lyn, 3,13m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Camelopardalis Auriga Gemini Cancer Ursa Major |
Beschreiwung
ännerenDe Lynx besteet aus enger Kette vu liichtschwaache Stären. Nëmmen den hellste Stär, α Lyncis, erreecht déi 3. Gréissteklass. Hien ass och deen eenzege Stär am Stärebild, dee mat engem griichesche Buschtaf bezeechent gëtt. Déi iwwereg Stäre ginn allgemeng mat hirer Flamsteed-Bezeechnungen opgelëscht. Um Himmel ass de Luchs nëmme schwéier auszemaachen. Hien ass an engem relativ stärenaarme Gebitt tëscht dem Grousse Bier an den Zwillingen.
Geschicht
ännerenD'Stärebild gouf vum Astronom Johannes Hevelius agefouert an ass fir d'éischt am Joer 1690 a sengem Himmelsatlas publizéiert ginn. Wéi den John Flamsteed Ufanks vum 18. Joerhonnert d'Stären duerchnummeréiert huet, hunn nach keng genee definéiert Stärebillergrenzen existéiert. Dës goufen eréischt am Joer 1930 vun der IAU festgeluecht. Dobäi goufen e puer Stären, déi vum fréiere Stärebild ze wäit ewech waren, neie Stärebiller zougewisen. Dofir steet de Stär 10 UMa haut am Luchs. Ëmgekéiert steet de 41 Lyncis am Ursa Major.
Himmelsobjeten
ännerenStären
ännerenStär | Numm | Gréisst |
---|---|---|
α Lyn | 3,13m | |
38 Lyn | 3,8m | |
10 UMa | 4,0m | |
38 Lyn | 4,3m |
Den α Lyncis ass 170 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e Roude Ris mat der Spektralklass K9 III.
Objet | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
38 Lyn | 3,9m/6,4m | 2,7" |
Den 38 Lyncis ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 90 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem. Déi zwou Komponente sinn an de Spektralklassen A2 a G0.
Messier (M) | NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
2683 | 10,0m | Galaxie |
Am Luchs ass d'Galaxie NGC 2683. Si ass 10 Millioune Liichtjoer wäit ewech.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Lynx (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |