Diddeleng – 100 Joer, 100 Gesiichter
(Virugeleet vu(n) Diddeleng - 100 Joer, 100 Gesiichter)
Diddeleng – 100 Joer, 100 Gesiichter ass e lëtzebuergeschen Documentairefilm aus dem Joer 2007 vun der Beryl Koltz an dem Armand Strainchamps. En hat de 14. Dezember 2007 Première zu Diddeleng am Ciné Starlight.
![]() | |
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | 14. Dezember 2007 |
Dauer | 58 min[1] |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie |
Beryl Koltz Armand Strainchamps |
Dréibuch |
Beryl Koltz Armand Strainchamps |
Schauspiller | |
eng 100 Diddelenger | |
Ëm wat geet et am Film?Änneren
De Film war eng Optragsaarbecht am Kader vum 100. Anniversaire vun der Stad Diddeleng. Virun der Kamera sinn eng honnert Diddelenger, bekannter an onbekannter, ze gesinn, déi iwwer hir Stad a sech selwer erzielen.
GielercherÄnneren
Bei der 4. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis (2009) krut d'Beryl Koltz an den Armand Strainchamps fir d'Regie an d'Dréibuch de Präis an der Kategorie "Beschte kënschtleresche Bäitrag".
Kuckt ochÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ De Film um Site vum Filmfong