Avant l'hiver
Film vum Philippe Claudel (2013)
Avant l'hiver ass eng franséisch-lëtzebuergesch Koproduktioun, e Film vum franséische Regisseur Philippe Claudel.
![]() | |
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Frankräich Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2013 |
Première | 30 August 2013 |
Dauer | 103 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Philippe Claudel |
Dréibuch | Philippe Claudel |
Fotografie | Denis Lenoir |
Musek | André Dziezuk |
Produzent |
Les Films du 24, Yves Marmion, Romain Rojtman Samsa Film TF1 Droits audiovisuels France 3 cinéma |
Produktiouns- gesellschaft |
Les Films du 24, Samsa Film, France 3, TF1 Group |
Schauspiller | |
Daniel Auteuil Kristin Scott-Thomas Leïla Bekhti Richard Berry Vicky Krieps Jérôme Varanfrain Laure Killing Anne Metzler Annette Schlechter | |
E koum a Frankräich an zu Lëtzebuerg de 27. November 2013 eraus.
Ëm wat geet et am Film?Änneren
De Paul, e Chirurg ëm déi 60, ass zanter Jore mam Lucie, glécklech, sou schéngt et, bestuet. Op ee Mol kritt hien een Dag op en aneren - anonym - Bouquete Rousen heem geliwert. Zur gläicher Zäit begéint en ëmmer erëm dem Lou, engem jonke Meedche vun 20 Joer...
SossÄnneren
De Film gouf ganz zu Lëtzebuerg gedréint a spillt och do.[1]
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
- Säit bei samsa.lu (fr)
D'Ekipp op der Avant-première: Anne Metzler, Daniel Auteuil, Leïla Bekhti, Philippe Claudel, Laure Killing.
ReferenzenÄnneren
- ↑ "Le tournage de Claudel délocalisé au Luxembourg." op republicain-lorrain.fr, 2012-10-07.