Une liaison pornographique

Une liaison pornographique ass e Film vum belsche Filmregisseur Frédéric Fonteyne aus dem Joer 1999.

Une liaison pornographique
Film
Produktiounsland Belsch
CHECHE Schwäiz
Lëtzebuerg
Frankräich
Première 4. September 1999 (Frankräich)
Dauer 81 min
Faarf Faarweg
Format 2,35:1
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Frédéric Fonteyne
Dréibuch Philippe Blasband
Fotografie Virginie Saint-Martin
Musek Jeannot Sanavia
André Dziezuk
Marc Mergen
Schnëtt Chantal Hymans
Produzent Patrick Quinet
Produktiouns-
gesellschaft
Artémis Productions
Les Productions Lazennec
ARP Sélection
Samsa Film
Fama Film AG
Radio Télévision Belge Francophone (RTBF)
Schweizer Fernsehen (SF)
Schauspiller
Nathalie Baye als d'Fra
Sergi López als de Mann
Paul Pavel als Joseph Lignaux
Sylvie Van den Elsen als Madame Lignaux
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

E Mann an eng Fra begéine sech just fir eng sexuell Liaisoun ze hunn.

Filmproduktioun änneren

De Film ass eng europäesch Koproduktioun. E krut finanziell Ënnerstëtzung vun enger Rei ëffentlechen Institutiounen: dem Centre du Cinéma et de l'Audiovisuel de la Communauté Française de Belgique, dem Lëtzebuerger Filmfong, an dem europäesche Fong Eurimages. Vum Lëtzebuerger Filmfong krut Samsa Film 1998 zéng Milliounen an 1999 nach eng kéier siwe Millioune Lëtzebuerger Frang fir de Film ze produzéieren.[1][2] Dozou koum 1999 nach eng "Aide à la distribution" vun 900.000 Frang.

Filmfestivallen a Filmpräisser änneren

De Film gouf op enger Rei Filmfestivalle gewisen, dorënner um renomméierte Filmfestival vu Venedeg, wou d'Nathalie Baye als bescht Schauspillerin ausgezeechent gouf.

Um Filmfestival vun der nordnorwegescher Stad Tromsø krut de Film am Joer 2000 de Publikumspräis.[3]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 204
  2. Rapport d'activité du Ministère de la Culture de l'Enseignement supérieur et de la recherche 1999, Mäerz 2000, Säit 218
  3. The Tromsø Audience Award Gearchiveerd op 2021-12-04. Gekuckt de(n) 2022-08-08.