Frédéric Fonteyne

De Frédéric Fonteyne, gebuer den 9. Januar 1968 zu Uccle an der Haaptstadregioun Bréissel, ass e belsche Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller a Produzent.

Frédéric Fonteyne
Gebuer 9. Januar 1968
Uccle/Ukkel
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur
Wikidata-logo-without-paddings.svg

KarriärÄnneren

Hien huet Regie am Institut des arts de diffusion zu Louvain-la-Neuve studéiert. Am Ufank vu senger Tätegkeet als Regisseur huet de Frédéric Fonteyne eng rei Kuerzfilmer gedréint, déi op ville Filmfestivalle gewise goufen: Bon anniversaire Sergent Bob (1988), Les Vloems (1989), La modestie (1991) a Bob le déplorable (1993). Zënter där Zäit kollaboréiert hie mam Schrëftsteller an Dramaturg Philippe Blasband, dee vill vun den Dréibicher vum Fonteyne senge Filmer geschriwwen huet. De Fonteyne trëtt och als Schauspiller an dem Blasband senge Filmer Un honnête commerçant (2004) a La couleur des mots (2005) op.

1992 ass hien nieft der Lëtzebuergerin Geneviève Mersch ee vu siwe Regisseuren, déi zesummen um belsche Sketchfilm Les sept péchés capitaux schaffen.

A sengem éischte Laangspillfilm, der belsch-franséisch-lëtzebuergescher Koproduktioun Max & Bobo (1998) , spillen de Jan Hammenecker an den Alfredo Pea mat. E krut de Grousse Präis um Internationale Filmfestival Mannheim-Heidelberg an de Grousse Präis um Festival vun Dijon.[1]

Säin zweete Laangspillfilm, Une liaison pornographique, mam Sergi López an Nathalie Baye, leeft 1999 um renomméierte Filmfestival vu Venedeg. Fir hir Roll gouf d'Nathalie Baye do als bescht Schauspillerin ausgezeechent. Um Filmfestival vun der nordnorwegescher Stad Tromsø krut de Film am Joer 2000 de Publikumspräis.[2]

Mat sengem drëtte Film La femme de Gilles (2004) bréngt hien der Madeleine Bourdouxhe hire Roman mam selwechten Numm op d'Leinwand. D'Haaptrolle spillen d'Emmanuelle Devos, de Clovis Cornillac an d'Laura Smet. En ass, genee wéi säin nächste Film Tango libre (2012), mam François Damiens, Sergi López an Anne Paulicevich, eng Lëtzebuerger Koproduktioun a gëtt erëm zu Venedeg gewisen.[3] Tango Libre gewënnt beim belsche Filmpräis Magritte du cinéma 2012 an der Kategorie "Meilleur scénario original ou adaptation" a "Meilleurs décors".

Säi fënnefte Laangspillfilm Filles de joie (2020) behandelt d'Thema vun der Prostitutioun. En ass an dräi Kategorië fir de Magritte nominéiert (beschte Film, bescht Dréibuch a bescht Kostümer), gewënnt awer a kenger.

Filmographie als RegisseurÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. De Film op der Websäit vun der Produktiounsgesellschaft Artemis Production
  2. The Tromsø Audience Award
  3. wort.lu: Trois coproductions luxembourgeoises sélectionnées à la Mostra de Venise (5. August 2012)