Een echte Vermeer
Een echte Vermeer ass en hollännesch-lëtzebuergesch-belsche Spillfilm vum hollännesche Regisseur Rudolf van den Berg. En hat seng Première Enn September 2016 um Nederlands Filmfestival.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Holland Lëtzebuerg Belsch |
Produktiounsjoer | 2016 |
Première | 2016 |
Dauer | 115 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Hollännesch |
Ekipp | |
Regie | Rudolf van den Berg |
Dréibuch | Jan Eilander, Rudolf van den Berg |
Fotografie | Goert Giltay |
Musek | André Dziezuk |
Schnëtt | Ewin Ryckaert |
Produzent |
Rinkel Film, Fu Works, Cadenza Films B.V Tarantula Luxembourg Living Stone, Nukleus Film |
Schauspiller | |
Jeroen Spitzenberger Lize Feryn Roeland Fernhout Dewi Reijs Mingus Dagelet Raymond Thiry Claude Humbert Hans Croiset | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Wourëms geet et am Film?
ännerenDe Film baséiert op enger richteger Geschicht an erzielt wéi e jonke Moler, den Han van Meegeren, seng Molkonscht ënner Beweis wëll stellen, andeems en e Bild vum Johannes Vermeer sou gutt nomécht, datt d'Experten et fir en echte Vermeer halen. Amplaz, wéi ufanks geplangt, d'Saach opzeklären, fiert e weider mat Fälschunge molen...
Produktioun
ännerenDe Lëtzebuerger Filmfong huet der Filmproduktiounsgesellschaft Tarantula Luxembourg am Mee 2015 e Subside an Héicht vun 1,14 Milliounen Euro accordéiert, fir de Film ze produzéieren.[1]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Fiche op luxfilmfest.lu
Referenzen
änneren- ↑ filmfund.lu: Comité de Sélection décisions mai 2015