Starfly
Starfly ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm vun der Beryl Koltz aus dem Joer 2005.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2005 |
Première | 2005 |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Beryl Koltz |
Dréibuch | Beryl Koltz |
Fotografie | Jako Raybaut |
Musek |
Lingo (Marc Mergen, André Dziezuk) |
Schnëtt | Amine Jaber |
Produzent | Anne Schroeder (Samsa Film) |
Schauspiller | |
Rob Stanley: Bobby Baxter Florence Z. Blattmann: Nurse Jones/The Superfly Richard Heap: Dr Cramer/ The Commander David Bailie: Papp Alex Arno: Bobby (Kand) Myriam Muller: Mamm Stefan Weinert: jonke Papp | |
Ëm wat geet et am Film?Änneren
Nodeem e jorelaang am Weltraum ënnerwee war, kënnt den Astronaut Bobby Baxter nees op d'Äerd zréck. Do huet en et net einfach, sech nees anzeliewen...
GielercherÄnneren
Starfly gouf 2006 um Festival International du Court-Métrage vu Clermont-Ferrand mam Prix Canal+ ausgezeechent.
Zesumme mat Butterflies vum Max Jacoby krut en 2007 de Lëtzebuerger Filmpräis fir de beschte Kuerzfilm.