The Road Uphill ass en Documentaire vum lëtzebuergesche Regisseur Jean-Louis Schuller. En hat de 17. Dezember 2011 Avant-Première am Utopolis.[1]

The Road Uphill
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 17. Dezember 2011
Dauer ~90 min
Originalsprooch Englesch
Lëtzebuergesch
Franséisch
Ekipp
Regie Jean-Louis Schuller
Dréibuch Jean-Louis Schuller
Fotografie Jean-Louis Schuller
Musek André Dziezuk
Schnëtt Felix Sorger
Produzent David Grumbach
Paul Thiltges
Produktiouns-
gesellschaft
Paul Thiltges Distributions
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Film dokumentéiert den Training an d'Virbereedungen an der Ekipp Leopard-Trek, besonnesch vun de Bridder Andy a Fränk Schleck, op den Tour de France 2011.

Am Film sinn nieft de Schleck-Bridder och de Fabian Cancellara, de Stuart O'Grady, de Jens Voigt, de Philippe Brunel, de Phil Liggett an aner Vëlossportler ze gesinn.

Accueil änneren

Am Ganze 4.350 Leit waren de Film an de Kino kucken (2011 waren et der 2.550[2] an 2012 der 1.800[3]).

An der Internet Movie Database (IMDb) hat de Film am Dezember 2021 e Score vu 7,5 vun 10, vun insgesamt 179 Benotzerbewäertungen.[4]

Kritik änneren

Luxemburger Wort:[5]

Dem Luxemburger Regisseur Jean-Louis Schuller ist ein Werk gelungen, das sich kein Radsport-Fan entgehen lassen sollte. Von der Gründung des Teams Leopard-Trek an, verfolgte Schuller [...] die Mannschaft auf Schritt und Tritt. Er war mittendrin statt nur dabei, schafft es dabei aber dennoch, eine lobenswerte Distanz zu wahren. Schuller hält sich diskret zurück, er ist ein stiller Beobachter, er analysiert. [...] Der Film ist keine Aufzählung der schönsten und ergreifendsten Leopard-Momente aus dem Jahr 2011. Vielmehr soll der „long métrage“ dokumentieren, wie ein Profi es schafft, die Grenzen zu überwinden und über sich hinauszuwachsen.

Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[6]

The Road uphill de Jean-Louis Schuller [...] est un documentaire de cinéma et non pas un reportage de télévision. [...] Jean-Louis Schuller nous offre de ces superbes images dont il a le secret, comme le regard tendu des fans en attente dans les montagnes, de véritables murs de drapeaux au lion rouge, des images de nature aussi. On en oublierait presque que vers la fin, le film a quelques longueurs, qu'il se prend quand même au jeu de l'excitation pour la course et que c'est un peu décousu par moments.

Jemp Thilges, rtl.lu:[7]

Sou ass THE ROAD UPHILL nämlech kee blannen Heldeportrait ginn, mä e Film, wou een deenen Zwee fir e puer kuerz Momenter duerch d'Objektiv vun enger Kamera bis an d'Séil erakucke kann. [...] An et sinn besonnesch dës Momenter vun Intimitéit, wou “ons Jongen” matten am Tohuwabohu vu Kameraen, Mikroen a Reporter, déi wéi e Méckeschwarm iwwer se hierfalen, sech einfach fir e puer Sekonnen aus der Realitéit vun der Situatiounen erausléisen fir ënner sech ze sinn, déi THE ROAD UPHILL sou interessant an attraktiv maachen.

Sebastian Deptalla, tv-kult.com:[8]

Dies ist ein Film für Fans. Nicht unbedingt für Fans der Protagonisten, sondern des Radsports an sich. Steht der geneigte Zuschauer diesem Sport etwas distanzierter gegenber, wird es schwierig durch die Tür in diese Welt zu treten, die Jean-Louis Schuller öffnet. Nichtsdestotrotz, hat man sie passiert, erwartet einen eine dichte Reportage, die ausschlieẞlich von den bewegenden Bildern und Stimmen der gezeigten Personen lebt und den Zuschauer sehr nahe an das Geschehen und Leben der Sportler heranführt. [...] Insgesamt hält die Doku, was sie verspricht, führt den neugierigen Neuling des Themas in die Radsportwelt ein und gibt dem gespannten Fan so manchen Insiderblick

Soss änneren

De Filmproduzent Paul Thiltges hat de Regisseur Jean-Louis Schuller ma der Iddi fir den Documentaire scho virum Tour de France 2010 kontaktéiert, mee et war net méiglech, du schonn ze filmen. Gefilmt gouf du fir den Tour de France d'Joer drop. Mat den Dréiaarbechte gouf de 7. Dezember 2010 zu Crans-Montana an der Schwèaiz ugefaangen. Ausser e puer Interviewe waren d'Dréiaarbechten mam Enn vum Tour 2012 ofgeschloss.[9]

Virun The Road Uphill goufe schonn e puer aner Documentairen iwwer Lëtzebuerger am Tour de France gedréint: dem Claude Waringo säin Äerzengel an dem Paul Kieffer säin Les Luxembourgeois dans le Tour de France (2002).

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Radsport einmal anders: Premiere des Films 'The Road Uphill' am Samstagabend im Utopolis." wort.lu, 19.12.2011 09:02.
  2. Pressecommuniqué vun der Fédération Luxembourgeoise des Exploitants de Cinémas (F.L.E.C.) asbl vum 4.1.2012.
  3. Pressecommuniqué vun der F.L.E.C, 2013-01-10.
  4. Score op der IMDb
  5. wort.lu: Radsport einmal anders vum "jot" (15. Mäerz 2012)
  6. wort.lu: Jusqu'à tomber du vélo vum Josée Hansen (6. Januar 2012)
  7. rtl.lu: THE ROAD UPHILL vum Jean-Louis Schuller vum Jemp Thilges (26. Dezember 2011)
  8. tv-kult.com: The Road Uphill vum Sebastian Deptalla (07. Januar 2013)
  9. lessentiel.lu: «Avec Andy et Frank, on s'est apprivoisés» vum Nicolas Martin (15. Dezember 2011)