Kierch Lëtzebuerg-Zens

D'Kierch um Zens ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

Kierch vu
Lëtzebuerg-Zens
Parkierch vum Zens (2013)

Parkierch vum Zens (2013)
Parkierch vum Zens (2013)
Uertschaft / Plaz Stad Lëtzebuerg
(Zens)
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Geescht
Konsekratioun 1980
Architekt(en) Michel Mousel
Edouard Stein
Baujoer 1980
Koordinaten 49° 36’ 56.3’’ N
      06° 09’ 35.1’’ O
Kierch um Zens vu bannen (2011)

Kierch um Zens vu bannen (2011)
Kierch um Zens vu bannen (2011)
Kierchen - Kapellen

D'Kierch ass dem hellege Geescht geweit.

Se steet um Zens op der Kräizung vun der rue de Trèves, der N1A, mat dem boulevard Charles Simonis.

Geschicht

änneren

De Grondstee fir d'Helleg Geescht-Kierch um Zens gouf de 15. Mee 1976 geluecht. De 25. Mee 1980, op Päischten, gouf se vum Bëschof Jean Hengen geweit.

Ariichtung

änneren

Et ass eng vun de jéngste Kierchen zu Lëtzebuerg an och eng vun deene modernsten. Well se eréischt komplett nom 2. Vatikanesche Konzil vun den Architekte Michel Mousel an Edouard Stein geplangt a gebaut gouf, war et méiglech, sech ganz no den Neierunge vun der Liturgiereform auszeriichten.

De Lëtzebuerger Kënschtler Théo Kerg huet souwuel d'Fënstere wéi och d'Miwwelen tëscht 1975 an 1978 gemaach. Déi meescht vun dësen Objete si beschrëft:

  • Den Altor, den Dafsteen an den Ambo, D'Wuert vun der Verséinung, sinn aus Bëtong mat Marmer-Splitter. Den Altor eleng weit 2 Tonnen;
  • Bëtongssockel ënner dem Tabernakel aus Glas op deem Drauwen an Éie gemoolt sinn: "Credidimus Caritate" (mir hunn un d'Léift gegleeft);
  • Wäiwaassersail an der Entrée: "Salve" (Moien);
  • Bëtongssockel ënner der Muttergottesstatu: "Mater" (Mamm);
  • D'Sëtzer am Altorraum sinn aus Fer forgé: "Veni Sancte Spiritus" (Komm, Hellege Geescht).

Fënsteren aus Glasbëtong

änneren

No engem ikonografesche Programm vum Paschtouer Laurent Drees, huet den Théo Kerg d'Fënsteren aus Glasbëtong realiséiert. D'Faarwespill refletéiert dat natierlecht Liicht mat wäissen, gielen an orange- bis cognacfaarwege-Glaselementer.

"Dank seinem künstlerischen Einfühlsvermögen hat Théo Kerg es verstanden, in erstaunlichen Farbvarianten und einem dynamischen, lebhaft gestalteten Linienspiel, das in einem bildhauerischen Empfinden verwurzelt ist, durch Fülle und Leben auszeichnende Kraftfelder zu schaffen. Sie sind nicht als nachträgliche oder zusätzliche Raumornamentik zu werten, sondern gehören integral zur Raumstruktur selbst."[1].

Fënsteren:

  • hanner dem Tabernakel
  • als Kräiz: "Jesus" (zweemol)
  • lénks am Chouer: "Hoffnung Espérance Spes"
  • riets am Chouer: Gebiet
  • riets an der Kierch (nieft der Uergel): "Freude schoener Goetterfunke"
  • iwwer der grousser Entrée: "Que ta joie demeure" (zweemol)
  • iwwer der klenger Entrée: "Que ta joie demeure"
  • an der Wierteskapell: Waasser a Feier - Elementer vum Hl. Geescht
  • am Tuerm: " " (Christuszeechen)
  • iwwer den 2 Aganksdieren: "Alleluia"

Statuen

änneren

De Kënschtler Peppi Rifesser aus Südtirol huet d'Statue geschnëtzt:

Nieft dem Chouer steet eng Westenfelder-Uergel aus der Lëntgener Uergelfabréck. Organist ass de Laurent Felten.

Stralemadonna

änneren

Iwwer der Entréesdier ass en Ofgoss vun enger Stralemadonna, déi un d'Mamme-Kierch am Gronn erënnert.

Literatur

änneren
  • Michel Schmitt, (1987): "Die Heilig-Geist-Kirche auf Fetschenhof-Cents." In: ons stad 24/1987, S.18-19.
  • Laurent Drees, (ca. 1980): Die Heilig-Geist Kirche = L'Eglise du Saint-Esprit: Fetschenhof-Cents - Luxemburg. Sankt-Paulus-Dr., Luxemburg. 74 p.
  • Marc Jeck, (2010): "Jüngste Kirche auf dem Stadtgebiet: am Pfingstsonntag 1980 wurde die Heilig-Geist-Kirche in Luxemburg-Cents feierlich konsekriert." In: Die Warte 16/2294 (20. Mai 2010), S. 12-13, ill.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kierch Lëtzebuerg-Zens – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Michel Schmitt, in: Ons Stad 24/1987