Naturschutzgebitt Griechten

Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg

D'Naturschutzgebitt Griechten ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an de Gemenge Käerjeng a Garnech. D'Bestëmmunge vum Naturschutzgebitt goufen am Règlement grand-ducal vum 20. Juli 2017 festgehalen.[1].

Naturschutzgebitt
Griechten
Land Lëtzebuerg
Plaz Käerjeng, Garnech
Fläch 204,79 ha
Nationalcode RF17
Koordinaten 49°35'23,28"N, 5°55'14,84"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 20. Juli 2017

Et handelt sech ëm en Areal vun 204,79 Hektar, ronderëm d'Quellegebitt vu fënnef klenge Baachen, déi zu der Mierbaach zesummelafen, inklusiv hiren zum Deel géien an zougewuessenen Uwänner.

D'Naturschutzgebitt Griechten ass en Deel vun der Natura 2000-Zonen Hautcharage / Dahlem – Asselborner et Boufferdanger Muer (LU0001025) an Région du Lias moyen (LU0002017).[1]

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 Règlement grand-ducal du 20 juillet 2017 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle la zone « Griechten » sise sur le territoire des communes de Käerjeng et de Garnich. op legilux.public.lu.