Weibëschof

Bezeechnung fir en Hëllefsbëschof
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Weibëschof ënnerstëtzt de Bëschof bei der Leedung vun der Diözees. Hien iwwerhëlt verschidden Aufgabe fir eng Regioun, eng Persounegrupp oder besonnesch Beräicher vun der Séilsuerg wéi z. B. d'Firmungen. Nodeems e geweit gouf, dréit en déi bëscheeflech Insignen: de Rank, den Hiertestaf, d'Pektoral an d'Mitra.

De Weibëschof leet keng eegen Diözees, mä hie kritt traditionell eng historesch, ënnergaangen Diözees zougewisen. Hien ass dann Titularbëschof vun där Diözees.

Zu Lëtzebuerg ass de Leo Wagener am Juli 2019 vum Poopst Franziskus als éischten zum Weibëschof genannt ginn. Titularbëscheef gouf et allerdéngs scho virun him zu Lëtzebuerg, wéi den Nicolas Adames deen Titularbëschof vun Halikarnassos war.

Um Spaweck änneren