Henri Kellen

lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik

Den Henri Kellen, gebuer 7. Abrëll 1927 zu Uewerkäerjeng, a gestuerwen de 27. August 1950 zu Rüti an der Schwäiz, war e lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.[1]

Henri Kellen
Gebuer 7. Abrëll 1927
Uewerkäerjeng
Gestuerwen 27. August 1950
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1948

Den Henri Kellen huet am Joer 1948 de Grand Prix François Faber gewonnen.

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London vertrueden.[2]

Am Joer 1950 huet hien um Tour de France an der Ekipp Garin-Wolber deelgeholl. Hien ass an der Schwäiz op enger Course um Vëlo zesummegebrach a kuerz duerno gestuerwen.

Palmarès

änneren

Kuckt och

änneren

Referenzen

änneren
  1. Den Henri Kellen op der Websäit vu sports-reference.com
  2. Den Henri Kellen op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Archivéiert den 09.03.2016. Gekuckt de 06.02.2011.