Dionysiuskierch vun Uewerkäerjeng

D'Dionysiuskierch vun Uewerkäerjeng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Kordall Sainte-Barbe am Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Käerjeng gehéiert.

Kierch vun Uewerkäerjeng

Uertschaft / Plaz Uewerkäerjeng
Par Par Kordall
Sainte-Barbe
Dekanat Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Dionysius
Konsekratioun 1761
Koordinaten 49° 34’ 33.1’’ N
      05° 54’ 39.1’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellegen Dionysius (Denis), deem säi Fest den 9. Oktober gefeiert gëtt.

Si steet an der rue de l'Église, enger Säitestrooss vun der rue de Bascharage, dem CR110A.

Zur fréierer Par Uewerkäerjeng gehéiert ausser der Parkierch vun Uewerkäerjeng och nach d'Filialkierch vu Lénger.

Zanter dem 28. Januar 1971 ass d'Kierch als Zousazinventaire op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Geschicht änneren

Am Joer 1744 ass d'Uewerkäerjenger Kierch nei opgebaut ginn. Dorop weist de Schlosssteen iwwer der Aganksdier hin, op dem "Anno 1744" - "Reaedificatum 1740" steet.

De 15. August 1761 gouf d'Kierch vum Tréierer Weibëschof Johannes Nikolaus von Hontheim konsekréiert.

D'Uergel änneren

D'Uergel vun der Uewerkäerjenger Kierch gouf 1952 vun der Uergelmanufaktur Sebald vun Tréier gebaut an ass zanterhier onverännert.

Kuckt och änneren

 
D'Kierch vun Uewerkäerjeng (2013)

Um Spaweck änneren

Commons: Dionysiuskierch vun Uewerkäerjeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).