Jongfra Maria

(Virugeleet vu(n) Immaculata)

D'Bezeechnung Jongfra Maria geet op déi biblesch Aussoe vum Matthäus[1] a Lukas[2] zeréck a mengt, datt Jesus duerch de Wëlle vum Härgott op d'Welt komm ass, an net well Mënschen dat wollten.

Um Ufank stoung d'Verkënnegung: Den Äerzengel Gabriel iwwerbréngt déi gutt Nouvelle. Uelegbild vum Bartolomé Esteban Murillo, ëm 1660

D'Kandheetsevangelie vum Matthäus a Lukas interesséiere sech net fir d'Sexualliewen vun der Maria a dem Jousef a wëllen och op keng biologesch Ausnam hiweisen. Méi ënnersträiche si duerch d'Jongfraegebuert, d'Gëttlechkeet vum Jesus. Urspronk a Bedeitung vum Jesus Christus, vu senger Botschaft a sengem Liewen erkläre sech net eleng aus der Geschicht, mä si fir d'Chrëschten aus dem Handele vum Härgott ze verstoen: Gott ass Mënsch ginn.

D'Maria huet deemno Gott op d'Welt bruecht, Gott bei d'Mënsche bruecht. Dofir huet d'Maria och den Titel Muttergottes kritt[3].

D'Dogma vun der Jongfra Maria ass net ze verwiessele mat der Onbefleckter Empfängnis.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jongfra Maria – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Mt 1,18-25 EU
  2. Lk 1, 26-38 EU
  3. Katechismus der Katholischen Kirche, 495-511