Ëmsiidlung vun de Lëtzebuerger am Zweete Weltkrich

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

An der Zäit vum Zweete Weltkrich sinn tëscht 1939 am 1943 vill Gruppen, vun den Nazien sougenannt "Volksdeutsche", aus hirer netdäitscher Heemecht a südost- an nordosteuropäesch Staaten (déi vum Däitsche Räich besat waren oder zu hiren Alliéierte gezielt hunn) ëmgesidelt ginn. Dës Ëmsiidlung war am Allgemengen op fräiwëlleger Basis. Betraff heivu waren ënner anerem Südtiroler, Bulgariendäitscher, Däitsch-Balten asw.

D'Klouschter vu Leubus (haut Lubiąż)
D'Schlass vu Bobersteen (haut Brobow)
Um Schlass ware lëtzebuergesch Meedercher am Déngscht verflicht

D'Ëmsiidlung vu Lëtzebuerger Famillje war net fräiwëlleg. Si goufen deportéiert, well ee vun hiren zwangsrekrutéierte Jongen aus der Wehrmacht desertéiert ass, oder well si duerch politescht Engagement gewisen hunn, datt si net gewëllt waren, sech den Nazistrukturen unzepassen.

Ënner de ronn 5 000 Männer, Fraen a Kanner, déi wéinst Däitschfeindlechkeet a Schlesien ëmgesidelt goufen, waren och 459 Familljen, déi an de sauren Apel hu misse bäissen, well de wehrpflichtege Fils ugeblockt war. Déi éischt Ëmsiidler, d'Ëmsiidlung ass de 17. September 1942 lassgaangen, sinn am Ufank am Klouschter Leubus a Schlesien ënnerbruecht ginn. Zanter 1945 ass Leubus erëm polnesch an heescht haut Lubiąż. An der Ëmsiidlung hunn d'Lëtzebuerger missen a Betriber schaffen oder se kruten eng Schëpp an de Grapp fir mat un der Konstruktioun vum Ostwall ze hëllefen.

Am Januar 1943 gouf d'Lager Leubus opgeléist an d'Ëmsiidler goufen op Bobersteen (Lager Nr. 103), an op Bad-Flinsberg (Lager 116 an 118) bruecht. Zu Flinsberg waren haaptsächlech wëlzer Famillen, deenen hir Pappen am SS-Sonderlager Hinzert erschoss gi waren, oder zu Lublin am KZ souzen. Eng Parti vun Ëmsiidler ware scho virdrun an d'Lager Asten/Linz bruecht ginn, well an den Hermann-Göring-Wierker Handwierker gebraucht goufen.

Aner koumen op Hirschberg (Lager 104) oder op de Schlauphof (Lager 112).

D'Lager zu Flinsberg gouf de 24. November 1944 geraumt, an d'Ëmsiidler vun do goufen op Wallisfurth (Lager 94), Trebnitz (Lager 129 an 120), Bischwitz (Lager 138), Juppendorf (Lager 159), Mittelsteine (Lager 98), Bad Schwarzbach (Lager 111), Berthelsdorf (Lager 209), Wartha (Lager 90) a Bobersteen verdeelt. Dobäi koum nach d'Lager 131, d'Straflager Jeschütz, an deem d'Leit besonnesch vum Lagerführer Wilhelm Stoffregen gepisaakt goufen. Am Lager 110 zu Marklissa, dat direkt bei der Queistalsperre louch waren nëmme Fraen a Kanner ënnerbruecht.

Op Oberkratzau am Sudetengau (Lager 81 + 83) waren ongeféier 80 Lëtzebuerger geschleeft ginn. Well de Projet fir d'Leit vun do aus a Fabrécken ze schécke sech als net realisabel erwisen huet, war dat Lager nëmme vum 3. Februar bis den 2. Mäerz 1943 besat. Duerno goufen déi Ëmgesidelt op Nestomitz (Lager 121 an 121a) geschéckt.

Am Lager Schreckenstein (Lager 119 an 119a), engem Faubourg vun Aussig sinn déi éischt Lëtzebuerger den 29. Januar 1943 ukomm. Ënner hinne war de Lucien Koenig als Siggy vu Lëtzebuerg bekannt, d'Sopranistin Mme Schaus-Arend an de Geiist Heini Koster. Do huet de Siggy d'D'Letzeburger Deportéiertelidd geschriwwen, dat vum Nic. Wilmes fir d'éischt am Lager 119 gesonge gouf. En zweet Deportéiertelidd war eng Zesummenaarbecht vum Jeng Proess an dem Pierre Hurst.

Leubus ass dat eenzegt Ëmsiidlungslager an deem nach Lëtzebuerger begruewe sinn. Et sinn de Michel Adamy vun Ettelbréck, de Mathias Kemp vu Walfer, d'Christiane Koch vun Esch, d'Mathilde Stephany vun Huldang an d'Marie Schlottert vun Holz.

D'Nimm vun deene Lagere bleiwe fir ëmmer mat der Geschicht vun der Ëmsiidlung zu Lëtzebuerg verbonnen. Wéi am Fréijoer 1944 den Transport bis a Schlesien ëmmer méi komplizéiert gouf, sinn déi lescht Emsiidler an den Honsréck transportéiert ginn. Dat huet bis an den August 1944 eragedauert, bis 14 Deeg éiert d'Amerikaner komm sinn. Am Honsréck waren d'Lageren zu Ruwer, Nofelden, Metzenhausen an Hirtstein.

Literatur änneren

  • Gilles Kartheiser: Die Umsiedlung Luxemburger Familien 1942–1945, Akademikerverlag 2013, ISBN 978-3-639-47655-2.

Kuckt och änneren