De Georges Hellinghausen, gebuer den 12. August 1956 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Geeschtlechen, Theolog a Kierchenhistoriker.

Georges Hellinghausen
Gebuer 12. August 1956
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Theolog, Kierchenhistoriker

1975 ass hien an de Séminaire agetratt an de 4. Juli 1981 gouf hien zum Priister geweit. Säi Studium huet hien 1985 mat engem Doktorat a Kierchegeschicht an Theologie ofgeschloss[1].

De Georges Hellinghausen ass Bëschofsvikar an zanter 1988 Professer um Grand Séminaire de Luxembourg Centre Jean-XXIII zu Lëtzebuerg, wou hien 1993 Direkter (Präses) gouf.[1]

Hien ass Member vum Bëschofsrot, theologesche Beroder vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich a vun November 2011[1] un Direkter fir reliéis a kierchlech Affären an de Medie vu Saint-Paul Luxembourg. Am Dezember 2013 koum dunn awer scho seng onerwaart Demissioun vun der Fonctioun.[2]

Den 22. Mee 2012 gouf hie vum Doumkapitel vun der Kathedral zum Doumprobst (Prévôt du Chapitre cathédral) gewielt[3].

De Georges Hellinghausen ass Membre effectif vun der Section historique vum Institut grand-ducal.

Aner Funktiounen änneren

  • President vun der Kommissioun Justice et Paix
  • President vum Missiounswierk vum Poopst (Missio Lëtzebuerg)

Publikatiounen änneren

  • Kleine Diözesangeschichte Luxemburgs, Verlag Aschendorff, Münster, 2020, 180 S, ISBN 978-3-402-24666-5
  • L'histoire (ecclésiastique) luxembourgeoise à la lumière des sources romaines. Hémecht, Jg. 60 (2008), Heft 3/4 (= Actes des Deuxièmes Assises de l'Historiographie luxembourgeoise, erausgi vum Sonja Kmec), Ss. 363-390; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag.
  • Hat Grossherzogin Charlotte zweimal geheiratet?; in: Hémecht, Jg. 59 (2007), Heft 1, Ss. 5-18; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag.
  • Le Grand-Duché, pays profondément catholique (1880 - 1960); in: La croix et la bannière - Les catholiques en Luxembourg de Rerum novarum à Vatican II; Bastogne, Musée en Piconrue, Livre-catalogue, 2005; p. 229-234, ill.
  • Luxemburg und der Heilige Stuhl unter dem Pontifikat Johannes Pauls II. (1978-2005) - An der Schwelle und am Übergang zum dritten Jahrtausend; in: Hémecht - Zeitschrift für Luxemburger Geschichte, Lëtzebuerg (Sankt-Paulus-Verlag); Jg. 57(2005), H. 1, Ss. 5-33.
  • Mgr. Jean Hengen, 1912-2005: ein bescheidener, hilfsbereiter und einfacher Hirte, in: Luxemburger Wort, Jg. 157(2005), Nr. 25 (31. Januar 2005), Ss. 4-5, ill.
  • Unsere Grossherzöge und der Heilige Stuhl - Besuch des Staaschefs im Vatikan; in: Die Warte-Perspectives, Jg. 55(2003), Nr. 12 / 2032, am Luxemburger Wort vum 27. Mäerz 2003;
  • 150 Jahre Luxemburger Wort: Selbstverständnis und Identität einer Zeitung (1973-1998); Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag, 1998; 472 S.
  • "Im Anfang war das Wort. Hier stock ich schon" - Historisch-literarischer Essay zum 150. Jubiläum des Luxemburger Wort am 23. März 1998; in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Joer 19 (1998), Heft Nr. 1; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag; Ss. 9-26;
  • Kampf um die apostolischen Vikare des Nordens J.Th. Laurent und C.A. Lüpke - Der Hl. Stuhl und die protestantischen Staaten Norddeutschlands und Dänemark um 1840; Dokterthees (1985), peepstlech Universitéit Gregoriana => als Band 53 an der Rei "Miscellanea Historiae Pontificiae" publizéiert, Verlag vun der peepstlecher Universitéit Gregoriana, Diffusioun duerch d'Sankt-Paulus-Dréckerei, Lëtzebuerg, 1987; XXVI + 364 Säiten.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 D.S., 2012. Georges Hellinghausen ist neuer Domprobst. Luxemburger Wort vum 26. Mee 2012, S. 4.
  2. Saint-Paul perd son directeur de conscience paperjam.lu, 20. Dezember 2013
  3. Luxemburger Wort vum 26. Mee 2012, S. 24: Kirchliche Nachrichten.