Kierch Randschelt

kathoulesch Kierch

D'Kierch zu Randschelt ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Groussbus-Wal gehéiert.

Kierch vu Randschelt
Kierch vu Randschelt (2015)

Kierch vu Randschelt (2015)
Kierch vu Randschelt (2015)
Uertschaft / Plaz Randschelt
Par Atertdall Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Willibrord
Koordinaten 49° 50’ 57.8’’ N
      05° 54’ 00.3’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass zanter dem 16. Joerhonnert den hellege Willibrord, deem säi Fest de 7. November gefeiert gëtt. An der Kierch ass eng Reliquie vum hellege Willibrord.

D'Kierch steet an der Haaptstrooss op der Kräizung mat dem CR306B. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Randschelt hunn ausser der Parkierch vu Randschelt och nach d'Filialkierch vu Gréiwels, d'Kapell vun Heeschpelt an d'Filialkierch vu Kéiber gehéiert.

Geschicht änneren

D'Grondmauere vun der Kierch stamen aus dem 10 Joerhonnert. Den Tuerm gouf am 12. Joerhonnert gebaut. De Banneraum besteet aus dräi Schëffer vun der selwechter Héicht, am spéitgotesche Stil gebaut. De Chouer, deen ëm 1430 ëmgebaut gouf, huet grad ewéi d'Kiercheschëffer e Kräizverwëllef a krut ëm 1700 méi grouss Fënsteren.

D'Kierch ass bekannt wéinst hiren zu Lëtzebuerg eenzegaartege Freskemolereien aus dem 15. a fréie 16. Joerhonnert op de Verwëllef, déi 1953 fräigeluecht goufen.

De barocken Haaptaltor ass aus dem 17. Joerhonnert.

Zanter dem 6. Januar 1938 ass se op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.[1]

Pressessioun änneren

 
Randschelter Kräiz, wou d'Pressessioun fortgeet

Op Päischte geet all Joer eng Pressessioun zu Éiere vum hellege Willibrord vum Randschelter Kräiz aus (südlech vu Randschelt um CR308) bis an d'Kierch vu Randschelt.

D'Paschtéier vu Randschelt änneren

 
Erënnerungsplack un d'Paschtéier vu Randschelt
  • - 1427: Willibrord
  • 1427 - ?: Peter von Mertzig
  • 1505 - 1532: Hess Pawels
  • 1532 - 1537: Jakob von Reckingen
  • 1537 - 1549: Peter von Boys (Grosbous)
  • 1549 - ?: Barch Joh. von Bittburg
  • 1560 - ?: Ell Joh.
  • 1570 - ?: Boys Hertert
  • 1590 - 1623: Deusinck Lukas
  • 1636 - 1645: Deusinck Jakob
  • 1645: Michelbuch Joh.
  • 1646 - 1689: Wallach Joh.
  • 1690 - 1719: Thilmanni Nik.
  • 1719 - 1768: Gerardi Joh. Steph.
  • 1768 - 1791: Heinen Joh.
  • 1791 - 1804: Desviscour Andr.
  • 1804 - 1818: Michaelis Joh. Pet.
  • 1818 - 1842: Wagener Christoph
  • 1842 - 1856: Even Peter
  • 1856 - 1885: Jost Nik.
  • 1885 - 1893: Roob Joh.
  • 1893 - 1902: Mirgain Mich.
  • 1902 - 1930: Baustert Joh. Pet.
  • 1930 - 1939: Apel Joh. Pet.
  • 1939 - 1943: Conzémius Joh. Pet.
  • 1943 - 1951: Barté Karl
  • 1951 - 1985: Herber Aloyse
  • 1985 - 1986: Hardt Nic.
  • 1986 - 1994: Wagner Jean
  • 1994 - 1997: Goedert Jean
  • 1997 - 2013: Goffin Adolphe
  • 2013 - 2017: Jans Nico

Biller änneren

Literatur änneren

  • Weicherding-Goergen, B., 1974. Rindschleiden: monographie de l'église paroissiale. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg.
  • Weicherding-Goergen, B., 1973. L'église paroissiale de Rindschleiden: guide du visitetur. Service des monuments historiques. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Randschelt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).