Als Volleksfrëmmegkeet bezeechent een de regionalen Ausdrock vun der Frëmmegkeet, also dem individuellen oder gemeinschaftleche Glawensliewen. Volleksfrëmmegkeet ass en Deel vum Volleksglawen.

Eegenschaften änneren

  • regional markéiert
  • d'Theologie déi zu Grond läit ass wéineg oder net bekannt
  • steet ënner verschiddenen Aflëss
    • aus der Regioun (z B. Fester a Bräich)
    • aus anere Relioune (Méiglechkeet vu Synkretismus)
    • Zäitgeescht
  • gëtt zanter der Epoch vun der Opklärung kritiséiert
  • an der westlecher Welt hautdesdaags am Réckgang, dat Lach dat doduerch entsteet gëtt z. B. mat Esoterik gefëllt.

Ausdrocksformen änneren

  • Matmaache u Gottesdéngschter
  • Hausandachten
  • Gebiet
  • Sangen
  • erbaulech Lektür
  • Hellegeveréierung
  • Wallfaarten
  • Devotionalien