Kapell Éimereng
D'Kapell zu Éimereng ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Schengen gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kapell vun Éimereng (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Éimereng | |||
Par | Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas | |||
Dekanat | Dekanat Osten | |||
Numm / Patréiner | Tréischterin am Leed | |||
Konsekratioun | 1948 | |||
Koordinaten | 49° 29’ 12.3’’ N 06° 17’ 25.5’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Se ass der Tréischterin am Leed geweit.
Se steet am Duerfzentrum un der Haaptstrooss (rue de l'Église).
Zur fréierer Par Elveng gehéiert ausser der Kapell vun Éimereng och nach d'Kierch vun Elveng.
Geschicht
ännerenD'Kapell gouf nom Zweete Weltkrich als Monument fir déi Gefalen aus der Par Elweng-Éimereng gebaut an duerch fräiwëlleg Spende vun den Awunner vun der Par finanzéiert. Zugläich war et e Merci fir de besonnesche Schutz duerch d'Muttergottes, Tréischterin am Leed. Se gouf den 3. Oktober 1948 vum Paschtouer Michaely vun Elveng ageweit.
No enger Renovéierung am Joer 1978 gouf de 26. November vum Bëschof Jean Hengen den neien Altor, den Tabernakel an eng Statu vum hellege Jousef geseent.
Am Joer 2009 ass de Banneraum vun der Kapell besonnesch am technesche Beräich (Heizung, Beliichtung, Miwwelen) renovéiert ginn.
Rousekranzpressessioun
ännerenDen 1. Sonndeg am Oktober, dem Rousekranzsonndeg, ass d'Kapell zu Éimereng d'Zil vun enger Rousekranzpressessioun, déi vun Elweng ausgeet. Den Ursprong vun der Pressessioun ass e Verspriechen dat d'Awunner vun Elweng an Éimereng am Krich ginn hunn.
Bannenan
ännerenD'Molerei op der Réckwand vum Chouer gouf 1948 vum Nicolas Brücher ausgefouert.
Literatur
änneren- Luxemburger Wort Nr. 233 vum 5. Oktober 2012, S. 25: Prozession zur Muttergotteskapelle in Emeringen
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kapell Éimereng – Biller, Videoen oder Audiodateien |