Kapell Lieners Uewereesbech

kathoulesch Kapell

D'Kapell Lieners zu Uewereesbech ass eng kleng kathoulesch Privatkapell déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Parc Housen gehéiert.

Kapell vun Uewereesbech

Uertschaft / Plaz Uewereesbech
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Tréischterin am Leed
Koordinaten 50° 00’ 31.0’’ N
      06° 08’ 31.9’’ O
Kierchen - Kapellen

Se steet op der Kräizung vun der Strooss Bongertswies, dem CR324, mat der Strooss Am Becherduerf.

Den 2. Mäerz 2018 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.

Zur fréierer Par Ënnereesbech huet och nach d'Kierch vun Ënnereesbech gehéiert.

Geschicht änneren

D'Kapell gouf 1691 vun de Bridder Lieners gebaut, déi d'Versprieche gemaach haten, der Tréischterin am Leed eng Kapell opzeriichte wa se allebéid lieweg aus dem Drëssegjärege Krich zeréckkéimen.

Banneraum änneren

An hir steet e barocken Altor mat, an der Mëtt, enger Statu vun der Tréischterin am Leed, där d'Kapell geweit ass.[1] Lénks um Altor steet eng Statu vum hellegen Damian a riets eng vum hellege Cosmas; op der Säit steet den hellegen Cyriacus. Uewen um Altor ass eng Skulptur déi den Hippolyte, de Päerdshellegen duerstellt.[2]

Dokumenter an der Kapell beleeën Restauratiounsaarbechte an de Joren 1937 an 1951.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kapell Lieners Uewereesbech – Biller, Videoen oder Audiodateien

E puer Fotoen änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. An enger eelerer Versioun vun dësem Bäitrag goung rieds vun der helleger Anna, iwwer der Muttergottesstatu. Wann deem sou war, dann ass déi 2014 awer net méi do.
  2. Well de Patréiner dacks uewen um Haaptaltor duergestallt gëtt, freet et sech op dësen Altor vläicht aus enger Kierch staamt, déi dem Hippolyte geweit war.