Théo Kerg

lëtzebuergesche Moler, Sculpteur, Graveur a Glasmoler
Dësen Artikel muss nogekuckt an iwwerschafft ginn, wéinst Onkloerheeten a partielle Widderspréch. Kuckt dozou och an d'Diskussioun

Den Théo Kerg, gebuer den 2. Juni 1909 zu Nidderkuer, a gestuerwen de 4. Mäerz 1993 zu Chissey-en-Morvan an der Bourgogne a Frankräich, war e lëtzebuergesche Moler, Sculpteur, Graveur a Glasmoler.

Théo Kerg
Pseudonym Kerg, Theo
Gebuer 2. Juni 1909
Nidderkuer
Gestuerwen 4. Mäerz 1993
Chissey-en-Morvan
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Sculpteur, Moler, Graveur, Glaskënschtler
D'Graf vum Théo Kerg um Péitenger Kierfecht

Liewen änneren

Den Théo Kerg koum als Bouf vum Schoulmeeschter, Komponist an Organist Jean Kerg (1866-1937) zu Nidderkuer op d'Welt[1] an ass zu Esch-Uelzecht an d'Industrieschoul gaangen, wou hie seng Première gemaach huet.

1929 koum hien op Paräis, wou hien op der École supérieure des beaux arts, der Sorbonne an dem Institut d'art et d'archéologie studéiert huet.

1932-33 war hie Schüler vum Paul Klee a vum Oscar Moll op der Kunstakademie Düsseldorf.

1941 gouf den Théo Kerg Konschtprofesser an der Industrieschoul zu Esch-Uelzecht[2].

1943 gouf hien als Protest géint d'Besatzung seng Demissioun[3], huet zu Biwels en Haus kaaft, wou hien nieft der Molerei vun der Landwirtschaft wollt liewen[4]. Am Juni 1944 ass en op Biwels geplënnert, wou hien am Duercherneen no der Liberatioun duerch d'Amerikaner den 10. September 1944 vun der Veianer Miliz verhaft gouf. Ouni Prozess souz den Théo Kerg am Ganze 15 Méint am Prisong, um Ufank zu Dikrech, duerno am Stadgronn. Säin Haus an de gréissten Deel vu sengem Wierk goufen duerch de Krich zerstéiert.

1946 huet e ruinéierten Théo Kerg Lëtzebuerg verlooss. Hie wollt a Venezuela auswanderen, ass dunn awer zu Paräis hänke bliwwen, wou de Paul Éluard hie mat Opträg iwwer Waasser gehalen huet a wou hie sech definitiv etabléiert huet.[5]

De 14. Dezember 1948 ass den Theo Kerg zu Lëtzebuerg vun engem "Tribunal sommaire" wéinst senger Haltung am Krich zu 10 Méint Prisong verurteelt ginn.[6]

Hien huet mat bedeitende Kënschtler a Schrëftsteller geschafft a korrespondéiert wéi z. B. de Jean Cocteau, de Léopold Sédar Senghor an den Hervé Bazin[7].

Seng lescht dräi Joer huet den Théo Kerg zu Chissey-en-Morvan an der Bourgogne gelieft.

Wierk änneren

Den Théo Kerg huet sech u méi wéi 300 kollektiven Ausstellungen a Konschtbiennale bedeelegt. Dobäi komme ronn 150 individuell Ausstellungen. Hie war de Grënner vum Taktilismus.

Säi Wierk gëtt an enger permanenter Ausstellung am Musée Théo-Kerg an engem restauréierte Fachwierkbau matzen an der Alstad vu Schriesheim presentéiert.

1934-35 war hie Member vun der Beweegung "Abstraction-Création" zu Paräis. 1937 huet hie sech un der Ausstellung "Art mural" zu Paräis bedeelegt.

Den Théo Kerg huet ënner anerem d'Fënsteren aus Glasbëtong an de Mobilier an der Zenser Kierch realiséiert.[8]

Am Joer 1982 huet den Théo Kerg eng Aarbecht fir déi franséisch-Schwäizer Konschtrevue TROU realiséiert.[9] Fir eng limitéiert Oplo vun 100 Stéck (vergraff) huet hien eng Originalgraphik gemoolt[10].

Ausstellung zu Lëtzebuerg 2013 änneren

Zwanzeg Joer nom Théo Kerg sengem Doud huet den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht zesumme mam Cercle-Cité eng Ausstellung vu sengen Nokrichswierker organiséiert. D'Ausstellung leeft ënner dem Titel Théo Kerg, 1909-1993: de l'École de Paris au tactilisme.[11]

Präisser änneren

  • 1935 Médaille d'or op der Weltausstellung zu Bréissel.
  • 1950 Hallmark-Präis zu Paräis.
  • 1951 Éischte Präis op der Biennale zu Genua (Sektioun Bianco e Nero).
  • 1952 Galerie Wildenstein zu New York, selektionéiert fir den Hallmark-Präis, ausgestallt an iwwer 20 Museeën uechtert d'USA.
  • 1953 Noceto Prix San Marino.
  • 1953 2. Präis bei der Exposition internationale zu Parma.
  • 1955 Prix "Un ami des artistes" am Grand Palais zu Paräis (Société nationale des beaux arts).
  • 1956 Salon de la Marine 1955-56 zu Paräis, Auszeechnung "Félicitations du jury".
  • 1957 Goldmedail op der VIe Mostra Nazionale del Disegno e dell Incisione, Reggio Emilia.
  • 1957 Prix pour la France vum Ministère des affaires culturelles zu Paräis.
  • 1958 Mentioun um Salon de la marine zu Paräis, secrétariat de l'État à la marine, ministère de la marine.
  • 1958 Perséinlech Ausstellung zu Bréissel, Prix de la critique belge.
  • 1968 Médaille d'argent op der Targa Internazionale "Europa Arte", Annuale Italiana d'Arte Grafica zu Ancona.
  • 1969 Prix aux Floralies internationales zu Paräis.
  • 1971 Médaille d'argent pour le design du verre, (vitrail), 15 mai 1971, zu Montrouge.
  • 1971 Prix signatures, catégorie abstraite, Premier prix, Centre culturel de Meudon, 6 janvier 1972.
  • 1971 IVe Biennale azuréenne de peinture et de la sculpture zu Cannes, Grand prix de la biennale.
  • 1978 Auszeichnung mit Plakette guter Bauten an der Trauerhalle zu Mannheim, Bund Deutscher Architekten + Land Baden-Würtemberg.

Literatur änneren

  • Éluard, Paul, 1947. Dignes de vivre. [vingt bois originaux de Théo Kerg]. Porrentruy: Ed. des Portes de France. 135 p.* Anonym, 1950. Theo Kerg, l'Effronté. Rappel, Organe de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques no 11: 663-664.
  • Feltes, Patrick H., 2010. Wandern zwischen Figuration und Abstraktion: Théo Kerg - ein grosser Moderner aus Luxemburg. Opus: Kulturmagazin Nr. 19: 50-51. Saarbrücken.
  • Hengen, Emile, 2009. Das verkannte Genie / In diesem Monat wäre der luxemburgische Künstler Théo Kerg 100 Jahre alt geworden. Tageblatt, 17. Juni 2009, N° 139, S. 18.
  • Jeck, Marc, 2010. Pleins feux sur Théo Kerg: il y a 80 ans, l'artiste luxembourgeois fait une apparition fulgurante dans la vie culturelle parisienne. Die Warte Jg. 62, Nr. 27 = n° 2305 (7. Oktober), pp. 11–13, ill. Luxembourg.
  • Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 44-45)
  • Kerg, Carlo, 2013. Théo Kerg: peintre, sculpteur, graveur, verrier d'art 1909-1993: chronologie d'une vie et d'une oeuvre. Luxembourg: C. Kerg, Pétange, Heintz. 297 p. ISBN 978-99959-0-053-3.
  • Kerg, Théo, 1982. Du néant naît une oeuvre. Trou Nr. III: 48-49. Moutiers, Éditions de la prévôté.
  • Kiby, Ulrika, 1988. Théo Kerg: ein Leben für die Kunst. Lëtzebuerger Almanach ’89, S. 282-292. G. Binsfeld, Luxembourg.
  • Lech, P., 2006. Chronique de l'Association des professeurs de l'enseignement secondaire et supérieur. In: 100 ans. Chronique de l'APESS. Diekirch, Éditions de l'APESS, S. 183.
  • Lorent, Catherine, 2012. Die nationalsozialistische Kunst- und Kulturpolitik im Großherzogtum Luxemburg 1934-1944. Kliomedia, Trier. ISBN 978-3-89890-173-4.
  • Rolland, Marie-Laure, 2009. Le premier peintre abstrait luxembourgeois. Luxemburger Wort vum 2. Juni 2009, Säit 13, Rubrik "La vie culturelle".
  • Salm-Salm, Marie-Amélie zu, 2013. Théo Kerg, 1909 - 1993: de l'École de Paris au tactilisme. Publications du Musée national d'histoire et d'art Luxembourg n° 22. Musée national d'histoire et d'art & Cercle-Cité, Impr. Centrale, Luxembourg. 93 p. ISBN 978-2-87985-257-7.
  • Walentiny, Joseph, 1993. In memoriam Théo Kerg (1909-1993). Die Warte Jg. 46, 25. März, N° 11: 2. Lëtzebuerg.
  • Wehenkel, Henri, 2014. Théo Kerg, l'homme qui fâche. d'Lëtzebuerger Land 10. Januar 2014, S. 13.
  • Weides, Fernand, 2009. Presentatioun vun der Biographie vum Théo Kerg an der Emissioun "Rendez-vous an der Galerie" (Dauer 10 Minutten) um Radio 100,7 den 1. Juni 2009 ëm 18 Auer 30.
  • Dornand Guy. Theo Kerg ein Maler aus Niederkorn. Revue (Zäitschrëft)Revue N°11 vum 12 Mäerz 1955 Säite 16-18.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Théo Kerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Den Théo Kerg war den Neveu vum Journalist a Schrëftsteller Mathias Tresch (1876-1942).
  2. Cf. Lech 2006: 183 an der Literatur.
  3. theokerg.com Biographie archivéiert Versioun:
    1940: Luxembourg: décembre 15, Théo Kerg recoit sa carte de membre du VDB. L'occupant oblige les instituteurs et professeurs, sous peine de déportation vers l'Allemagne, de devenir membre de cette organisation. Théo Kerg en sera membre jusqu'au jour de sa démission, le 3 juillet 1943 (no.de la carte 8102).
    1943: Luxembourg: le 3 juillet, Théo Kerg introduit sa troisième demande de démission de son poste de professeur de dessin. Cette démission est acceptée par l'occupant et prend effet le 1er octobre 1943. (Archives Théo-Kerg)
  4. Den 8. Juli 1943 huet hien zu Biwels en Haff mat Stall, Scheier an Terraine kaaft. D'Ëmbauaarbechten hu sech bis de 17. Juni 1944 gezunn.
  5. Cf. Éluard 1947 an der Literatur.
  6. Anonym 1950 a Lech 2006 an der Literatur
  7. Den Théo Kerg huet Uelegbiller vum Léopold Sédar Senghor a vum Hervé Bazin gemoolt.
  8. Marc Jeck 2011: Sakrale Kunst in Luxemburg. Geführte Besichtigung der Heilig-Geist-Kirche in Luxemburg-Cents am morgigen 7. August. Luxemburger Wort vum 6. August 2011, S. 18.
  9. Cf. Kerg 1982 an der Literatur.
  10. An der selwechter Editioun vun TROU si Kreatioune vu Jean Lecoultre, Alicia Penalba, Jean Bouhier an Vinko Globokar dran.
  11. Presentatioun vun der Ausstellung um Site vum MNHA archivéiert Versioun