De Mathias Tresch, gebuer den 8. Mee 1876 zu Lëntgen a gestuerwen den 31. Oktober 1942 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller.

Mathias Tresch
De Mathias Tresch (1909)
Gebuer 8. Mee 1876
Lëntgen
Gestuerwen 31. Oktober 1942
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Journalist
Member vun Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal, Société des gens de lettres, Société des écrivains luxembourgeois de langue française

No der Première (1897) am Kolléisch, huet de Mathias Tresch zu Paräis a Berlin Romanistik a Philologie studéiert, a gouf duerno Enseignant op der Industrie- an Handelsschoul zu Esch-Uelzecht, an duerno an der Stad Lëtzebuerg.

Hien huet reegelméisseg an Zäitschrëften an Zeitunge wéi Les Cahiers Luxembourgeois, L'Indépendence Luxembourgeoise, Jongheemecht a La Grive publizéiert. Donieft huet hie pedagogesch Wierker geschriwwen, wéi Grammaire théorique et pratique de la langue française a Lettres sur l'éducation.

Ënner de Pseudonymer Ignotus a Leo Montanus huet hien och antiklerikal Texter geschriwwen, dorënner Aus dem Tagebuch einer hysterischen Nonne oder: wie das Wundermädchen Klara Moes (1832-1892) Luxemburger Bischöfe stürzte und auf den Thron brachte. Weiderhin huet de Mathias Tresch sech fir Lëtzebuerger Folklor a Bräich intresséiert, absënns fir Vollekslidder; fir La Chanson populaire luxembourgeoise krut en e Literaturpräis.

Hie war Sekretär vun der APESS, Matgrënner vun de Volleksbildungsveräiner (1908) an der SELF (1934). Ausserdeem war e Membre correspondant vun der Sektioun fir Linguistik, Folklor an Onomastik vum Institut grand-ducal a vun 1936 u Member vun der Société des Gens de Lettres de France.

De Mathias Tresch war de Mononk vum Théo Kerg.

Bibliographie änneren