D'Catherine Lorent, gebuer den 19. Juni 1977 zu München,[1] ass eng lëtzebuergesch Molerin, déi an hire Wierker vill mat Mëschtechnike schafft.

Catherine Lorent
Gebuer 19. Juni 1977
München
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

Biographie änneren

Tëscht 1998 an 2003 huet si Molerei op der Staatliche Akademie der Bildende Künste zu Karlsruhe studéiert, tëscht 2002 an 2004 Geschicht op der Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg an tëscht 2004 an 2006 Konschtgeschicht op der Panthéon-Sorbonne zu Paräis. 2010 huet si hire Studium mat engem Doktorat an der Konschtgeschicht op der Universitéit vun Heidelberg an op der Universitéit Lëtzebuerg ofgeschloss.

Um Salon 2005 vum Cercle artistique de Luxembourg gouf si mam Prix d'encouragement aux jeunes artistes ausgezeechent, an 2011 mam Prix révélation.

2013 huet si Lëtzebuerg op der Biennale vu Venedeg vertrueden.

Hir éischt Eenzelausstellung war 2001 an der Galerie 19 Rouge zu Lëtzebuerg. Zënterhier huet si ënner anerem zu Berlin, zu Marseille an zu Köln eleng ausgestallt.

D'Catherine Lorent huet och de Musek-Projet Gran Horno lafen, wou si Gesang mat Piano oder Gittar verbënnt.

2021 krut si de Prix Grand-Duc Adolphe fir hiert Wierk 7 vues phantastiques sur la mer.[2]

Bibliographie änneren

  • Lorent, Catherine, 2012: Die nationalsozialistische Kunst- und Kulturpolitik im Großherzogtum Luxemburg 1934-1944, Kliomedia, Tréier. ISBN 978-3-89890-173-4.[3]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Catherine Lorent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Presentatioun op so-klingt-europa.de (gekuckt den 23. Mäerz 2018)
  2. "Prix Grand-Duc Adolphe geht an Catherine Lorent." wort.lu, 09.11.2021.
  3. Kritik vum Paul Dostert um Buch. Hémecht 03/2013 op recensio.net