Joseph-Émile Muller
De Joseph-Émile Muller, gebuer den 20. Mäerz 1911 zu Kielen, a gestuerwen den 31. Dezember 1999 zu Berbuerg, war e lëtzebuergesche Konschtkritiker an Auteur. Hie war Konservator an der section des beaux-arts am Nationalmusée.[1] Hie war ënner de Pseudonymen Ioseph-Émile, Bert Helmuth, Kurt Reinholdt, Helmut Gunter oder nach Helmut Kuno Beck bekannt.
Joseph-Émile Muller | |
---|---|
Gebuertsnumm | Emile Joseph Muller |
Gebuer |
20. Mäerz 1911 Kielen |
Gestuerwen | 31. Dezember 1999 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Konschthistoriker |
No senger Premiere 1929 am Athénée de Luxembourg ass en an d'Assurancewiese schaffe gaangen. 1945 ass hie vum Pierre Frieden, deemolege Minister, zum Zoustännege fir de service d'éducation esthétique am MNHA ernannt ginn. Duerno war hien Direkter vum service des beaux-arts. Hien huet eng sëllege Konferenze gehalen, ënner anerem zu Lëtzebuerg, Bréissel, Antwerpen, Paräis a Moskau. En ass e puermol wärend de Konferenzen zu Lëtzebuerg vum Batty Weber als Kommunist vernannt ginn, well hien déi deemoleg ëffentlech Uerdnung a Fro gestallt huet.
1977 huet hien d'Association des Amis du Musée National d'Histoire et d'Art nei gegrënnt, déi am zweete Weltkrich verbuede gi war, a war och hire President bis 1991.[2] Hien huet och d'Organisatioun Aica Luxembourg gegrënnt, déi lëtzebuergesch Sektioun vun der internationaler Associatioun vun de Konschtkritiker.[3]
De Joseph-Émile Muller war e groussen Ënnerstëtzer vum Joseph Kutter an huet 1945, 1946, 1967 an 1981, am Ganze véier Monographien iwwer de Kutter erausginn.
1988 krut hien d'Paul-Henkes-Medail fir säin Engagement am Déngscht vun der Lëtzebuerger Kultur.
Seng lescht Joren huet hien am Hospiz vu Berbuerg verbruecht, wou e senger Sekretärin seng Biographie Zuerst im Schatten, dann im Licht diktéiert huet. Hien ass do den 31. Dezember 1999 gestuerwen.
Publikatiounen (Auswiel)
änneren- 1968. Rembrandt. L’homme et son œuvre. Paris: Aimery Somogy, 271 p. (Collection: Les plus grands 15). [id: Joseph-Emile Muller, Rembrandt: Der Mench und sein Werk, Bertelsmann Lesering, 272 S.]
- 1976. Lucien Wercollier. Collection: Les Maîtres de la Sculpture Contemporaine. Arted, Éditions d'Art, Paris. 49 S. D'Fotoe si vum Édouard Kutter jr., Raymond Mehlen, Lex Reding, Pitt Schneider a Marcel Schroeder. ISBN 2-85067-038-3.
- 1983. Lucien Wercollier. Publication de la Section des arts et lettres de l'Institut grand-ducal. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. 132 S.
- 1999. Zuerst im Schatten, dann im Licht. Éditions des Cahiers luxembourgeois; Lëtzebuerg; 126 S.
Literatur
änneren- "Robert Thill: "Joseph-Emile Muller (1911-1999) – Vom linksradikalen Literaten zum profilierten Kunstkenner. Sein Einsatz für deutsche Exilliteratur und antifaschistische Autoren in den 1930er Jahren." In: Aufbrüche und Vermittlungen: Beiträge zur Luxemburger und europäischen Literatur- und Kulturgeschichte. Nouveaux horizons et médiations: Contributions à l'histoire littéraire et culturelle au Luxembourg et en Europe. Herausgegeben von Claude D. Conter & Nicole Sahl. Bielefeld: Aisthetis Verlag, 2010, S.535-556.
Um Spaweck
änneren- Dem Joseph-Émile Muller seng Fiche am Autorenlexikon.
Referenzen
änneren- ↑ Romain Hilgert: Erinnerungen eines Intellektuellen und Kunstpapsts, d'Lëtzebuerger Land, 4. Februar 2000
- ↑ www.amisdesmusees.lu Archivéiert de(n) 27.01.2012. Gekuckt de(n) 24.01.2010.
- ↑ www.aica-luxembourg.lu Archivéiert de(n) 05.08.2009. Gekuckt de(n) 24.01.2010.