Fernand Weides

lëtzebuergesche Journalist


De Fernand Weides, gebuer den 29. Dezember 1947 an der Stad Lëtzebuerg ass e lëtzebuergesche Journalist.

Fernand Weides
Gebuer 29. Dezember 1947
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist

No sengem Secondaire am LGL war de Fernand Weides vun 1974 bis 1976 Journalist am Républicain Lorrain an tëscht 1976 an 1985 am Tageblatt. 1993/4 war en Direkter beim Eldoradio. Hie war vum Juli 1994 bis de 15. August 2013, wou e pensionéiert gouf[1], Direkter vum Radio 100,7.

Vun 1977 bis 1982 war hie President vun der Association luxembourgeoise des journalistes.

Hie war vun 2000 bis 2002 President vum Conseil de presse, dem lëtzebuergesche Presserot, a war dat nees vun 2012 bis Abrëll 2014. Den 18. Abrëll 2014 gouf de Roger Infalt als säin Nofollger gewielt. Den Infalt war scho mol vun 2006 bis 2008 President vun deem Conseil.[2]

De Fernand Weides ass de Brudder vum Robert Weides, dem fréieren Direkter vun der STATEC.

Gielercher änneren

  •   Goldenes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich[4].

Um Spaweck änneren

Commons: Fernand Weides – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Jean-Paul Hoffmann neien Direkter vum Radio 100,7." RTL.lu - 07.06.2013, 12:18 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.06.2013, 13:47.
  2. Conseil de presse: Roger Infalt, nouveau président; lequotidien.lu 18. Abrëll 2014.
  3. (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-24.
  4. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten