Den Henri Wehenkel, gebuer de 17. Abrëll 1940 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Historiker, Politiker a pensionéierten Enseignant an der Geschicht am Stater Lycée technique du Centre.

Henri Wehenkel
Gebuer 17. Abrëll 1940
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Lycéesprofesser, Politiker
Partei KPL
Famill
Bestuet mat Janine Frisch
Papp Antoine Wehenkel

Den Henri Wehenkel huet zu Paräis Philosophie studéiert. Well hien déi franséisch Exame gemaach huet, an net déi lëtzebuergesch am Kader vun der deemoleger "Collation des grades", gouf hien net zum Stage am Classique zougelooss.[Source?] Dofir huet en als Chargé de cours am Lycée technique du Centre geschafft. Donieft huet eng ganz Partie vun Etuden iwwer zäitgeschichtlech Theeme verfaasst a publizéiert. Hie war vun 1985 un, zesumme mam Serge Hoffmann, historesche Beroder vum Musée national de la résistance et des droits humains zu Esch-Uelzecht.

Vun 1990 bis 2001 war hie President vun der Stater Sektioun vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg, vun 1999 bis 2001 Vizepresident. De 17. Oktober 2002 ass hien aus dem Exekutivkommitee vun der KPL ausgeboot ginn.

Hien ass Matgrënner vun déi Lénk, vu Liberté de conscience a vum Comité pour une paix juste au Proche-Orient.

Den Henri Wehenkel ass e Jong vum Ingenieur a Politiker Antoine Wehenkel (1907-1992) a Brudder vum Claude Wehenkel. Hien ass mat der Professesch an Historikerin Janine Frisch bestuet[Source?].

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Gilbert Trausch, historien du vingtième siècle ; in: Cahiers du Centre Jean Kill (2) ; Lëtzebuerg, Dezember 1982, Nr. 2; Ss. 57-73.
  • Der antifaschistische Widerstand in Luxemburg 1933-1944 ; Lëtzebuerg, Verlag COPE, 1985.
  • Die Begnadigung von Fritz Hartmann, Gestapochef von Luxemburg ; in: Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, Jgg. 45 (1990), Nr. 89.
  • Quelques compléments à l'histoire nationale du Grand-Duché de Luxembourg ; in: Les Cahiers marxistes, Bréissel, Abrëll-Mee 1996, Ss. 145-184.
  • D'Spueniekämpfer, volontaires de la guerre d'Espagne partis du Luxembourg ; erausgi vum 'Centre de documentation sur les migrations humaines', Diddeleng, 1997.
  • Les volontaires italiens du Luxembourg dans la 'Brigata Garibaldi' en Espagne; in: L'histoire, c'est aussi nous / La storia, siamo anche noi; Akte vun den internationale Studiendeeg zu Diddeléng (20. Oktober 2007 & 11. Oktober 2008), ënner der Leedung vun der Maria Luisa Caldognetto a vun der Bianca Gera; Turin (Centro Studi Piemontesi), 2009; Ss. 165-170.
  • Le commissaire et les Italiens. Inventaire des rapports de police consacrés aux Italiens (1900-1940); in: Luxembourg-Italie; Diddeléng (Centre de documentation sur les migrations humaines), 1999.
  • (ënner der Leedung vum José Gotovitch & Mikhaïl Narinski; 6 aner Mataarbechter) Komintern: L'histoire et les hommes - Dictionnaire biographique de l'Internationale communiste ; Paräis, 'Éditions de l'Atelier', 2001; 604 Säiten.
  • 1945-47: les communistes aux portes du pouvoir ; in forum, Nr. 299 (September 2010), Ss. 23-28 (ill., Referenzen).
  • Emil Marx, Buchhändler, Journalist, Schriftsteller. (Editions Le Phare), 2016, 188 Säiten (ill.) ISBN 078-99959-2-0
  • Entre chien et loup; Lëtzebuerg (Éditions d'Lëtzebuerger Land), 2017; 303 Säiten (ill.). ISBN 978-99959-949-4-5. - Siechzéng Biographien op Basis vun de Justizdossieren aus der Zäit vun der Epuratioun.
  • La République trahie; Lëtzebuerg (Éditions d'Lëtzebuerger Land), 2019; 191 Säiten (ill.). ISBN 978-99959-949-6-9.

Um Spaweck änneren

  • https://www.rtl.lu/video/3196077 -> Den Henri Wehenkel schwätzt iwwer säi perséinleche Parcours an iwwer säi Buch iwwer de Versuch, 1918 eng Republik zu Lëtzebuerg auszeruffen.
Commons: Henri Wehenkel – Biller, Videoen oder Audiodateien