Tethys (Mound)

Saturn Mound

Den Tethys (oder Saturn III) ass de fënnefgréisste vun 62 bekannte Mounde vum Planéit Saturn. Hien zielt zu den Äismounden.

Saturn III (Tethys)
Saturnmound Tethys, opgeholl vun der Raumsond Cassini.
Zentralkierper Saturn
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 294.619 km
Periapsis 294.589 km
Apoapsis 294.648 km
Exzentrizitéit 0,0001
Ëmlafzäit 1,887802 Deeg
Inklinatioun 1,120°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 1062,2 ± 1,2 km
Dicht 0,984 ± 0,003 g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
? m/s2
Albedo 0,80 ± 0,15
Visuell Magnitude (mag) 10,2
Entdeckung
Entdecker Giovanni Domenico Cassini
Entdeckungsdatum 21. Mäerz 1684


Entdeckung a Benennung änneren

Den Tethys gouf den 21. Mäerz 1684 vum franséischen Astronom mat italieenesche Wuerzelen, dem Giovanni Domenico Cassini entdeckt.[1]

Den Tethys ass zesumme mam Dione de 4. a 5. entdeckte Saturnmound an den 8. resp. 9. entdeckte Mound am ganze Sonnesystem. Duerch seng deemools am drëttnosten zum Saturn leiend Ëmlafbunn gouf hien als drëttbannenzegte vu siwe bis dohin bekannte grousse Saturnmounde vun der I. A. U. mat der réimescher Nummer III markéiert.

De Mound gouf no der Titanin Tethys aus der griichescher Mythologie genannt. Si war eng Duechter vum Uranos an der Gaia a war mat hirem Brudder Okeanos bestuet. No der Gëttin ass och den äerdgeschichtlechen equatorialen Ozean Tethys genannt.

Den Numm Tethys an Nimm fir weider siwe Saturnmounde goufe vum Astronom John Herschel, 1847 an enger Publikatioun „Results of Astronomical Observations made at the Cape of Good Hope“ virgeschloen. Si sollten no Geschwëster vum Titan Kronos genannt ginn.

Bunneegenschaften änneren

Ëmlafbunn änneren

Den Tethys kreest ëm de Saturn op enger prograder, bal perfekt kreesfërmeger Ëmlafbunn op enger mëttlerer Distanz vun 294.619 km (zirka 4,888 Saturnradien) vun Zentrum (resp. dem Schwéierezentrum), also ongeféier 234.351 km iwwer der Wollekenuewergrenz. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,0001, d'Bunn läit 1,12° schréi géigeniwwer dem Equator vum Saturn, si läit also bal an der Equatorhéicht vum Planéit. Duerch déi zimmlech niddreg Exzentrizitéit variéiert d'Bunn an der Distanz zum Saturn ëm ronn 59 km.

D'Ëmlafbunn vum nächste bannenzege Mound Enceladus ass an der Moyenne ongeféier 56.671 km vum Tethysorbit ewech. D'Bunndistanze vun de nächste baussenzege Mounde Dione souwéi d'Trojaner-Mounde Helene an Polydeuces beweegen sech an der Moyenne op 82.777 km.

D'Tethys-Trojaner-Mounde Telesto an Calypso lafen op Tethys’ Lagrange-Punkte L4 an L5, all Kéier 60° vir an hanner dem Mound, op der selwechter Ëmlafbunn ëm de Planéit.

Den Tethys leeft an 1 Dag, 21 Stonne, 18 Minutte an 26,1 Sekone ëm de Saturn. Dat sinn ongeféier 2 Stonnen a 50,9 Minutte méi laang wéi d'Ëmlafzäit vum Jupitermound Io. Den Tethys brauch fir een Ëmlaf 12 Stonnen an zirka 25,3 Minutteméi laang wéi de bannenzege Noper Enceladus.

Den Orbit vum Tethys läit déif an der Magnéitosphär vum Saturn, sou datt de Plasma, dee mam Planéit matrotéiert, op déi follgend Hemisphär trëfft. Si gëtt doduerch och vun energeeteschen Deelercher (Elektronen an Ionen) getraff.

 
Animatioun vun der Tethysrotatioun.

Bunnresonanzen änneren

Den Tethys steet a gravitativer Wiesselwierkung mat senger Noperschaft. Nieft den Trojaner-Mounden Telesto a Calypso (1:1-Bunnresonanz) leeft den Tethys bal an enger 4:3-Bunnresonanz mam nächste bannenzege Mound Enceladus a bal an enger 2:3-Resonanz mat der baussenzeger Bunnnopesch Dione ëm de Saturn.

Den Tethys a seng béid Trojaner-Mounde kreesen ëm de Saturn bannenzeg vum E-Rank, sou datt sech d'Uewerfläche vun de Mounde an engem dauernde Bombardement duerch Mikrometeoritte steet.

Rotatioun änneren

D'Rotatiounszäit vum Tethys a d'selwecht wéi seng Ëmlafzäit. Alle béid geschéie bannen engem Dag, 21 Stonnen, 18 Minutten a 26,1 Sekonnen. Den Tethys weist domat, wéi den Äerdmound an all grouss Trabante vun de Gasrise, eng synchron Rotatioun op. Hie weist also ëmmer mat der selwechter Hemisphär zum Saturn. D'Equatorhéicht steet 0,034° schréi zu der Ëmlafbunn.

Physikalesch Eegenschaften änneren

 
E Cassini-Faarfbild bal an Echtfaarwen.

Gréisst änneren

Den Tethys ass bal komplett kugelfërmeg, mat engem Duerchmiesser vun an der Moyenne 1062,2 km. Déi genee Moosse sinn 1076,8 × 1057,4 × 1052,6 km. D'Ofwäichung vun ongeféier 0,9 % ass op d'Gezäitekraafte vum Saturn zeréckzeféieren, wat dem Mound d'Form vun engem dräiachsegen Ellipsoid gëtt. D'Längsachs ass op de Saturn ausgeriicht, déi mëttelst Achs ass tëscht féierender a follgender Hemisphär an déi kierzest Achs tëscht de Pole. Den Tethys ass de fënneftgréisste Saturnmound a rangéiert am ganze Sonnesystem op der 16. Plaz bei alle Planéitemounde souwéi der 31. Plaz vun alle bis elo bekannte Kierper (Stand Mäerz 2012).

Vun der Gréisst hir ass den Tethys ze vergläiche mam gréissten Haaptceinture-Asteroid Ceres oder der eppes méi grousser Nopesch Dione.

Déi gabz Fläch vum Tethys ass zirka 3.544.561 km² grouss, dat ass ongeféier d'Fläch vun Indien mat Bangladesch an Nepal.

Bannenzegen Opbau änneren

Den Tethys ass en äisegen Himmelskierper, genee wéi déi grouss Saturnmounde Dione an Rhea. Seng kleng Dicht vun 0,984 g/cm3 weist drop hin, datt hie gréisstendeels aus Waasseräis zesummegesat ass. D'Mass u Gestengs kann 6 % vun der ganzer Moundmass net iwwerschreiden. Et ass net bekannt, ob den Tethys en differenzéierte Kierper huet. Wann dat sou wier, dann hätt de Gestengskär en Duerchmiesser vu ronn 290 km, also ongeféier en Drëttel vum ganzen Moundduerchmiesser. D'Dimensioune vum Ellipsoid weisen op en homogeene Kär hin. D'Existenz vun engem ënnerierdeschen Ozean gëtt als onwahrscheinlech ugesinn.

Uewerfläch änneren

D'Uewerfläch vum Tethys ass ganz hell, si reflektéiert 80 % vum agestralte Sonneliicht. Déi héich Albedo ass d'Resultat vum Beschosse duerch déi reng Waasseräispartikele vum E-Rank. Déi féierend Hemisphär ass doduerch ëm ronn 10 bis 15 % méi hell wéi déi follgend, well si d'Rankmaterial op hirer Ëmlafbunn quasi zesummebréngt. Op dem Mound Tethys sinn Temperature vun zirka −187 °C (dat sinn 86 Kelvin).

 
D'Aschlagbecken Odysseus

D'Uewerfläch vum Tethys ass staark verkratert an huet vill Rësser. Zwou ënnerschiddlech Aarten vu geologesche Regioune konnten ausgemaach ginn, eng Regioun mat ville Impaktkrateren an en däischtert Band, mat mannere Kratere, dat iwwer de Mound verleeft. Déi lescht Regioun ass en Zeechen dorop, datt d'Uewerfläch zu engem spéideren Zäitpunkt geologesch aktiv war, woubäi eeler Gebidder vun der Uewerfläch erneiert goufen. Déi genee Ursaach vun der donkler Bandverfierwung ass net bekannt. Eng méiglech Erkläerung kéinte Fotoe vun der Raumsond Galileo liewweren, déi d'Jupitermounde Ganymed a Kallisto ënnersicht hat. Allen zwéin Mounde hunn hell Polkapen, déi vu groussen Äisoflagerungen an den Häng vu Kratern geformt goufen. Aus der Distanz erschéngen d'Polkape méi hell wéi d'Muster, dat vun Dausenden, net opgeléiste méi klengen a veräiste Kratere geformt gëtt. D'Uewerfläch vum Tethys kéint d'selwecht gebilt sinn a besteet aus Polarregioune mat engem ondäitleche Muster aus hellem Äis, tëscht deenen eng däischter Zon läit.

De Krater Odysseus änneren

Op der westlecher Hemisphär ass de risege Krater Odysseus dat opfällegst Zeechen. Hie bedeckt knapps 3,5 % vun der ganzer Uewerfläch, a säin Duerchmiesser ass mat 445 km gutt 40 % vum Moundduerchmiesser. De Krater erschéngt relativ flaach a gläicht de Kratere um Jupitermound Kallisto, woubäi déi typesch Réngwäll an de Zentralbierg feelen, wéi si um Merkur oder um Äerdmound ze fanne sinn. Dat ass wuel dorop zeréckzeféieren, datt déi schwaach äiseg Kuuscht vum Tethys iwwer geologesch Zäitraim ewech agebrach ass.

 
Den Dall Ithaca Chasma

Ithaca Chasma änneren

Dat zweet opfällegt Zeechen um Tethys ass e risegen Dall, den Ithaca Chasma, dee ronn 100 km breet ass an dräi bis fënnef Kilometer déif. Mat enger Längt vun 2000 km leeft en zu ronn dräi Véirel ëm de Mound. Et kéint geformt gi sinn, wéi flëssegt Waasser am Kär vum Mound gefruer ass an d'Uewerfläch duerch d'Ausdeenung opgerass gouf. No enger anerer Theorie kéint den Ithaca Chasma entstane sinn, wéi bei engem risege Kierperaschlag, deen de Krater Odysseus geformt hat, Schockwellen duerch de Mound gestouss hat an déi zerbriechlech Kuuscht op der Säit vis-à-vis opgebrach hat.

Fuerschung änneren

Den Tethys huet eng visuell Magnitude vun 10,3m, déi 1:6300 vum Zentralplanéit grouss ass. Fir den Tethys z'observéieren, brauch een e gréissert Teleskop.

Den Tethys gouf bis elo vu véier Raumsonden ugeflunn, speziell vun de Laanschtfluchsonden Pioneer 11 den 1. September 1979, Voyager 1 den 12. November 1980 a vum Voyager 2 de 25. August 1981 an zum Schluss vum Cassini-Huygens, deen zanter dem 1. Juli 2004 ëm de Saturn kreest. De 24. September 2005 war d'Sond op enger Distanz vun 1.503 km laanscht den Tethys geflunn. Bei engem Laanschtfluch am Abrëll 2015 hat d'Sond Biller mat roude Sträifen op der Uewerfläch geschéckt, déi méiglecherweis geologesch ganz jonk sinn.[2]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Tethys – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Cassini: An Extract of the Journal Des Scavans. of April 22 st. N. 1686. Giving an Account of Two New Satellites of Saturn, Discovered Lately by Mr. Cassini at the Royal Observatory at Paris. Phil. Trans. 1686 16:79-85; (Volltext)
  2. Cassini Solstice Mission: Red Arcs on Tethys